Wanteratelieren
De Service Senior+ vun der Gemeng Suessem huet zesumme mam SEA vum Kannercampus Belval un enger ganz spezieller Initiativ geschafft. Zil ass et, Kanner a Senior∙innen zesummen ze bréngen. De Projet besteet aus zwee Voleten: Engersäits kënne sech Interesséierter fir eng Bréiffrëndschafte mat de Kanner aus dem SEA mellen, anerersäits goufen am November am Dezember 2025 véier Ateliere ronderëm Musek, Beweegung, Bastelen a Baken organiséiert. Mir ware beim leschten Atelier virun der Schoulvakanz um Kannercampus Belval mat dobäi a konnten alle Bedeelegten iwwert d’Schëller kucken, wéi si zesummen, passend fir d’Feierdeeg, gebak hunn.
Méi dozou kënnt dir hei noliesen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli
























