Fréijoersatelieren
Fir eng zweete Kéier huet de Senior+ Service vun der Gemeng Suessem mam SEA vum Kannercampus Belval zesummegeschafft am Kader vun enger besonnesch origineller Initiativ. D’Zil ass et, Kanner a Senior∙inne ronderëm e gemeinsame Projet zesummen zebréngen. Dëse Projet huet zwou Komponenten: Op der enger Säit kënnen interesséiert Persoune mat de Kanner vum SEA eng Bréiffrëndschaft agoen; op der anerer Säit ginn, nom Succès vun eise Wanterworkshops, erëm véier Atelieren zu Musek, Beweegung, Handwierk a Baken organiséiert. Dës Kéier hu mir um alleréischten Atelier um Kannercampus Belval den 20. Mäerz 2026 deelgeholl.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli

































