Wanterfeeling
De Wanterfeeling ass zeréck! Taucht an déi fantastesch Welt vum Suessemer Schlass an a loosst är Aen, Oueren an äre Verstand verzauberen.
Entdeckt vum 8. bis 10. November 2024 eng Welt, an där Animatiounen zum Liewen erwächen, kulinaresch Spezialitéite fir är Sënner ugebuede ginn a Musek vun Artist·innen, déi fir déi passend Stëmmung suergen. Um Programm: Spectacles en déambulation, Cabaret Wanterfeeling, Konzerten, Feier- an Droneshow, Expostants, Food Trucks, …
Parking a gratis Navetten de ganze Weekend iwwer, de Planning gëtt et hei.
De Virverkaf ass lancéiert an de Programm fir déi eenzel Deeg ass och elo online ze fannen op wanterfeeling.lu.
