Virowend vun Nationalfeierdag
De Sonnden, 22. Juni 2026 gëtt de Virowend vun Nationalfeierdag bei eis an der Gemeng traditionell um KUSS zu Zolwer gefeiert.
Programm:
18.00 Ouverture
19.30 Opstellung Cortège an der Rue du Knapp
19.45 Depart Cortège
20.00 Offiziell Usprooch vun der Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz
20.15 Dj Fr3sh
21.15 Mental
22.45 Spectacle
23.15 Mental
01.00 CDT Events
De Virowend vun Nationalfeierdag ass ee GREEN EVENT, et ass also eng Prioritéit, ëmweltbewosst Mesuren deen Owend ëmzesetzen. Nieft den Navette kann op den ëffentlechen Transport zeréckgegraff ginn, zum Beispill d’TICE-Linnen 3 a 15, den Zuch oder de Vël’OK, fir deen eng Statioun direkt beim KUSS ass. Um Owend selwer verzichte mir op Eewee-Plastik a bidden och Vegan- a Veggie-Iessen (bio a regional) un. Nëmme mat ärer Hëllef kënne mir dës Moossnamen ëmsetzen.