San’Up – Family Day
Och 2026 kënnt de San’Up zeréck fir ee weideren Dag voller GRATIS AKTIVITÉITE fir déi ganz Famill! Rendez-vous e Samschdeg, den 9. Mee um Kannercampus Belval & Park um Belval fir ee Mix aus Sport, Aktivitéiten, Spiller a kreativen Ateliere fir all Alter.
Egal ob et ass, fir nei Sportaarten auszetesten oder sech op eng nei Manéier ze beweegen, dir hutt sou vill Méiglechkeeten ze experimentéieren, ze spillen an iech zesummen ze ameséieren.
Mir gesinn eis um Feierdag vun 10.00 bis 18.00 Auer. Méi Detailer ginn et geschwënn – stay tuned! Fotoe vun de leschten Editioune ginn et hei: sanup.lu