Marché solidaire
D’Gemeng Suessem invitéiert de Samschden, 15. Juni 2024 op de Marché Solidaire op der Place de l’Indépendance zu Zolwer. Dëse gesellege Rendez-vous soll all Joer a puncto Nohaltegkeet an Ëmweltschutz en Zeeche setzen.
Vun 10.00 bis 18.00 Auer ginn op ville Stänn lokal an alternativ Produkter ugebueden, dorënner Käerzen aus recycléiertem Wuess, originell Upcycling-Bijouen souwéi aussergewéinlech Kosmetik- a Botzproduiten. Et gëtt och en alternative Planzenatelier, an den Animastaff vum Jugendtreff SABA mécht Facepainting, bitt Animatioun a mécht esouguer Popcorn, fir déi Kleng a Grouss bei Laun ze halen.
Reparéieren am Platz vun ewech ze geheien: Bréngt är Spillsaachen, kleng Elektro-Apparater, Vëloen oder Kleeder mat, an dir kritt gewisen, wéi se gefléckt kënne ginn. Fräiwëlleger hëllefe beim flécke vun 10.00 bis 13.00 Auer. De Service vum Repair Café an Zesummenaarbecht mam Syndicat interommunal Kordall ass gratis.
10h00 Fair Breakfast (gratis Croissanten, Kaffi a Jus fir jiddereen)
10h00-13h00 Repair-Café
14h00 Lompekréimer (Musek)
14h00-18h00 Atelier mat der Conserverie locale (gratis)
15h30 Dirk de Vriendt (Musek)
