Den Heemwee vum Steen
D’Kënschtler·inne vum DKollektiv invitéieren iech op eng Rees an d’Vergaangenheet op de Spuere vum Minett um „Wee vum Steen“, engem Sentier, deen 2024 um Gaalgebierg zu Bieles ageweit gouf.
Rendez-vous fir den Depart ass ëm 16.00 Auer beim Parking an der Rue de la Fontaine zu Bieles. Ugefaangen um Site vum fréiere Silo kann een op de verschiddene Statioune vun der Promenad mam Eisenäerz interagéieren, selwer Hand mat uleeën a méi iwwer d’Geschicht vun der Stolindustrie gewuer ginn. De Cortège kënnt schlussendlech do un, wou de Minett aus dem Buedem geholl gouf, fir den Dag mat enger sonorescher a skulpturaler Performance ofzeschléissen. En Hommage un dat rout Gestengs an déi, déi e fréier gefërdert hunn.
- Etapp 1 – beim Silo : Material zesummesetzen (16.30 – 17.00 Auer)
Spadséiergang Richtung Concasseur (500 m) - Etapp 2 – uewen um Concasseur : Kreativ Aktioun (17.00 – 17.30 Auer)
Spadséiergang Richtung Carrière (1400 m) - Etapp 3 – an der Carrière Nardecchia 2 : Akustesch Performance (18.00 – 18.30 Auer)
Apéro an der Carrière Nardecchia 2 : Ofschloss vum Parcours (18.30 – 19.30 Auer)
Wichteg: Leit, déi schlecht zu Fouss sinn, kënnen op déi 3. Etapp mat enger Navett bruecht ginn. Start um 17.30 Auer beim Kierfecht. Umeldung fir d’Navett obligatoresch via service.rpc@suessem.lu.