Quiz Night
Mir invitéiere ganz häerzlech op di 5. Editioun vun eiser Quiz Night of Éilereng an de Kulturschapp, All Detailer fannt Dir hei um Flyer. Mir si limitéiert op maximal 24 Teams tëscht 4 a 6 Leit, dofir mell Déng Ekipp direkt hei Online un, 5 ,- € pro Ekipp,a sécher dir en Ticket fir e flotten Owend matt vill Ofwiesslung a schéine Präisser. Fir Iessen an Drénken ass natierlech gesuergt, an eis Quizmasteren Dana a Raoul schaffe schonns drun nees kniwweleg Froe fir iech ze sichen.
Programm:
– Ab 19.00 Auer Receptioun vun den Ekippen
– Um 20.00 Auer fänkt de Quiz un
– D’Spillreegele ginn erkläert
– Et gi 6 Ronn gespillt
– Ëm 23.00 Auer Präisverdeelung
– Ëm 01.00 Auer Closing
Um Menu:
– Drinks
– Chili con Carne
– Veggie Chili
– Gulaschzopp
Mir maachen drop opmierksam, dass bei enger eventueller Annulatioun vun enger Buchung, mir nëmme kënne rembourséieren, wann en Ersatzteam fonnt gëtt. Merci fir äert Versteesdemech.
Denkt och un den ëffentlechen Transport fir bei eis ze kommen:
TICE-Buslinnen 13 a 17
RGTR-Buslinn 750