Matgesfest
Kommt a verbréngt e flotte Weekend mat eis um Matgesfeld – do wou Ökologie, Solidaritéit an Diversitéit gefeiert ginn! Um Programm stinn e Maart mat flotte Verkafsstänn, Ateliere fir Grouss a Kleng an eng ofwiesslungsräich musikalesch Ënnerhalung.
Deel vum Matgesfest ass och eng Kleedertauschbourse, béid Deeg. Dir hutt Kleeder am Schaf, déi nach top ausgesi mee iech net méi gefalen? Bréngt se mat an tauscht se géint aner Kleeder. Et kann ee maximum 10 Kleedungsstécker ofginn. Fir all Kleedungsstéck kritt een e Stong mat deem een sech en anert Kleedungsstéck kann aussichen. Mir huele keng futtis, knaschteg, zerdruddelt oder verwäsche Kleeder un.
Um zweeten Dag ass nees e Repair Café vun 11.00 bis 14.00 Auer. Hei heescht et Reparéieren am Plaz vun ewech ze geheien: Bréngt är Spillsaachen, kleng Elektro-Apparater, Vëloen oder Kleeder mat an dir kritt gewisen, wéi se gefléckt kënne ginn. Fräiwëlleger hëllefe beim Flécken.
Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt.