Cérémonie de souvenir
Um Virowend vum franséischen Nationalfeierdag de 14. Juli huet d’Gemeng Suessem traditionell eng Gedenkzeremonie zu Éiere vun den dräi franséisch Zaldoten, déi den 10. Mee 1940 zu Suessem am Kader vun der Nazi-Invasioun vu Lëtzebuerg ëm d’Liewe komm sinn, ofgehalen. D’Zeremonie gouf am Centre culturel zu Suessem ogehalen, dat a Präsenz vun der franséischer Ambassadrice zu Lëtzebuerg, dem Claire Lignières-Counathe (fir si war et déi lescht Kéier, dass si mat dobäi war, well se kuerz virun der Pensioun steet), souwéi vu Vertrieder∙innen vun der Amicale Française, vun den Ancien Combattants aus Esch an Zolwer, vun der Entente des Sociétés de Sanem, vu Membere vun Nopeschgemengen an natierlech vun der Buergermeeschtesch a vum Schäff∙innerot a vum Gemengerot vun der Gemeng Suessem.
D’Buergermeeschtesch Simone Asselborn-Bintz huet un de Courage a Sacrifice vun dësen Zaldoten erënnert – de Kampf fir d’Fräiheet, wäit ewech vun hirer Heemecht. An enger Zäit, wou Europa an d’Welt nees mat Onrouen a Spaltungen konfrontéiert sinn, war dës Gedenkfeier eng Geleeënheet, fir d’Wichtegkeet vum Fridden, der Demokratie a vun der Fräiheet ze betounen – Wäerter déi mir all Dag musse verdeedegen, sou d’Simone Asselborn-Bintz an ass op een Zitat vum Jean Jaurès ze schwätze komm: „Le courage, c’est de chercher la vérité et de ladire ; c’est de ne pas subir la loi du mensonge triomphant.“ D’Buergermeeschtesch huet domat d’Fuerderung no Wourecht, Kloerheet a Courage ënnerstrach. Et ass eis gemeinsam Verantwortung, d’Erënnerung un dat, wat geschitt ass, weiderzeginn – besonnesch un déi Jonk –, fir dass si d’Bedeitung vun all deene Fräiheeten, déi si haut hunn, net fir selbstverständlech gesinn. Den Dépôt de gerbes war gläichzäiteg en Hommage un déi gefalen Zaldoten an e staarkt Symbol vum kollektive Wëlle fir Fridden a Gerechtegkeet. Soumat gouf den 13. Juli op een Neits ee kloert Zeeche fir déi staark Verwuerzlung vun der Erënnerungskultur gesat.
Fotoen: Max Staus