18/06/2025
Rue Jean Anen zu Zolwer gespaart
Liwwerung a Montage vun enger modularer Schoulstruktur an der Rue Jean Anen zu Zolwer.
- Start vun den Aarbechten: e Mëttwoch, de 25. Juni 2025 um 7.30 Auer
- Dauer vun den Aarbechten: +/- 3 Deeg
D’Rue Jean Anen gëtt a béid Richtungen op der Héicht vun der Primärschoul gespaart. Den Accès iwwert de KUSS an de Parking ass nëmmen aus Richtung Rue du Chemin de Fer zu Bieles garantéiert. Eng Deviatioun ass op der Plaz.
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique.suessem.lu.