
D’Gemeng Suessem bitt dir eng praxis-orientéiert Formatioun, déi dir hëlleft mat denger Responsabilitéit als Babysitter ëmzegoen.
Wien?
Du bass tëscht 15 a 25 Joer al.
Du schwätz a verstees Lëtzebuergesch an Däitsch.
Wéini?
Formatioun 1: 14 Juli 2025 bis 17. Juli 2025.
Formatioun 2: 21. Juli 2025 bis 24. Juli 2025.
Horaire?
Detailer zu den Auerzäite ginn et hei ënnert dësem Link. Wichteg: Opgepasst op de wiesselnden Horaire.
Wou?
Festsall an der Gemeng op 60, Rue de la Poste, L-4477 Bieles
D’Participatioun ass 50 Euro an d’Umeldung geet bis de 7. Juli 2025 beim Annick Spellini vum Service à l’Égalité des chances et Diversité iwwert d’Nummer 59 30 75 – 654 oder via E-Mail op service.secd@suessem.lu.