Uschlossaarbechten zu Zolwer
An der Rue Jean Anen zu Zolwer stinn Uschlossaarbechte fir eng modular Schoulstruktur un.
- Start vun den Aarbechten: e Méindeg, den 2. Juni 2025 um 7.30 Auer
- Dauer vun den Aarbechten: +/- 3 Deeg
D’Rue Jean Anen gëtt a béid Richtungen op der Héicht vum Parking um KUSS gespaart. Den Accès fir op de Parking bleift just iwwert d’Rue Scheierhaff garantéiert. Eng Deviatioun verleeft iwwert d’Rue Dickskopp. Wéinst den Aarbechte gëtt den Arrêt zu Zolwer KUSS (Kultur- a Sportzenter Scheierhaff) deplacéiert. Dëse Changement betrëfft d’TICE-Lignen 102, 104, 108, 112, 114 an 118. Fir méi Informatioune consultéiert mobiliteit.lu.
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique.suessem.lu.