Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
30/04/2025

Definitive Stroossebelag zu Zolwer

An der Rue de Limpach, Rue de Sanem an op der Kräizung Aessen zu Zolwer gëtt de Stroossebelag frësch gemaach. Déi betraffe Stroosse si vun en Donneschdeg, de 15. Mee 7.00 Auer u bis e Sonndeg, den 18. Mee fir de Verkéier gespaart.
 
Dee leschte Bus, deen duerch de Chantier fiert, ass en Donneschdeg, de 15. Mee um 7.30 Auer. Eréischt e Samschdeg, de 17. Mee um 21.00 Auer fueren d’Busser nees. Zousätzlech Arrête ginn an der Rue Neuve zu Éilereng wéi och an der Rue d’Esch beim Haus Nummer 130 zu Suessem ageriicht. Weider Informatioune ginn et wéi gewinnt op www.mobiliteit.lu.
 
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique.suessem.lu.
 
 

 
 

Zréck