Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
27/10/2025

Theemenowend – Benevolat am Sport stäerken

Am Kader vum Projet « Gamechangers – Benevolat am Sport stäerken », deen zesumme mat der Plattform Klubtalent entwéckelt gouf, huet den INAPS – Institut national de l’activité physique et des sports – de 17. Oktober 2025 op en Informatiounsowend an d’Gemeng op Bieles invitéiert. D’Zil war et, de Veräiner verschidde Méiglechkeeten ze weisen, wéi si hir Strukture stäerken, nei Benevollen unzéien an hir Ressourcen nach méi effizient asetze kënnen.

D’Christine Maillet, Mataarbechterin an der Divisioun « Management et Impact Sociétal » vum INAPS, huet den neie Guide vum Institut virgestallt. Si huet betount, datt et dem INAPS wichteg ass, dës Publikatioun net einfach nëmme ze verdeelen, mee se an Zesummenaarbecht mat de Veräiner weiderzeentwéckelen an un d’Realitéit unzepassen. Den INAPS versteet sech haut nämlech net nëmmen als Institut, mee och als Kompetenzzentrum, dat Berodung an Ënnerstëtzung am Beräich vum Vereinsliewen ubitt.

Méi Informatiounen >>> www.inaps.lu

D’Divisioun « Management et Impact Sociétal » setzt sech konkret dofir an, déi administrativ an organisatoresch Kadere vun de Veräiner ze stäerken an engagéiert sech allgemeng fir eng aktiv a participativ Gesellschaft. Nieft der Christine Maillet war och d’Lynn Taschler präsent, déi op nationalem Niveau fir d’Koordinatioun vun de mëttlerweil véierzéng Sportkoordinator·innen zoustänneg ass. D’Gemeng Suessem wäert och deemnächst an dëse Reseau opgeholl ginn: an der Gemengerotssitzung vum 17. Oktober gouf den Dan Gantrel offiziell als Sportkoordinator vun der Gemeng Suessem ernannt.

An de Gespréicher huet sech gewisen, datt d’Erausfuerderunge vu Veräin zu Veräin staark variéieren – jee no Gréisst, Zilpublikum oder Ausriichtung – mee dacks änlech bleiwen: wéi z.B. nei Memberen unzezéien, Benevollen ze halen oder och nach eng Nofolleg ze garantéieren. De Leetfuedem ass vun de Participante ganz positiv opgeholl ginn : hien ass praktesch, kloer an einfach ëmzesetzen. De fräien Austausch tëschent de Veräiner gouf als besonnesch beräichernd an inspiréierend empfonnt.

D’Participante hu sech och iwwert d’Arrivée vum neie Sportkoordinator gefreet, deen eng wichteg Roll an der lokaler Veräinsdynamik spille soll. Säin Engagement wäert dozou bäidroen, d’Verbindungen tëschent de Sport- a Benevolatakteuren ze stäerken an esou d’Vitalitéit vum Suessemer Veräinsliewen nohalteg ze ënnerstëtzen.

 

Zréck