Inventaire – Pëtzer a privat Buerungen
50 Prozent vum Drénkwaasser zu Lëtzebuerg kënnt aus Quellen a Bueren, déi d’Grondwaasser unzapen. En neien, kompletten Inventaire vun alle Pëtzer a Quellen erméiglecht en effiziente Schutz vun eisem Grondwaasser – zum Wuel vun eis alleguer. An dësem Kader erënnert d’Waasserverwaltung un d’Konditioune fir esou Grondwaasserbuerungen oder Pëtzer a rifft all Bierger·innen dozou op, déi bestoend Quelle korrekt ze mellen.
Zwou Autorisatioune sinn néideg
Fir d’Zape vu Grondwaasser aus neie Buerunge sinn zwou Autorisatiounen an eng Préiwung am Virfeld (Screening) vun der EIE (Évaluation des incidences sur l’environnement) néideg.
De Grondwaassercaptage – Wat ee wësse muss
Et dierfe keng Schuedstoffer an d’Grondwaasser kommen, an den Zougrëff vu Persounen, déi dozou net berechtegt sinn, muss ënnerbonne ginn. E Beispill vun engem Buer, dee fir de Grondwaassercaptagen dierf genotzt ginn, ass an der Illustratioun ënnert dem Artikel ze gesinn.
Méi Informatiounen iwwert de Grondwaassercaptage
Uchloss
D’Leitunge vum ëffentleche Fournisseur fir Drénkwaasser an déi vum private Grondwaassercaptage dierfen op kee Fall direkt matenee verbonne ginn. Dëst verhënnert eng Kontaminatioun vum kommunalen Drénkwaassernetz. Réckschlagventiller ginn als Protectioun net duer. Béid Waasserleitunge musse komplett onofhängeg vun eneen sinn (physesch Trennung). E Beispill vun esou enger physescher Trennung ass an der Illustratioun hei drënner ze gesinn.
Inventaire
Fir en neien a kompletten Inventaire vun alle Pëtzer a Quelle kënnen opzestellen, biede mir iech, dëse Formulaire auszefëllen.
