Aweiung SEA Schoul 2000
Méindes, de 6. Oktober 2025, gouf déi nei Struktur vum Service d’éducation et d’accueil (SEA) Zolwer 2000 a Präsenz vum Educatiounsminister Claude Meisch, de Memberen aus dem Schäff·innen- a Gemengerot, de Vertrieder vun der Schoulkommissioun souwéi ville Responsabele vun de Betriber, déi un der Realisatioun vum Bau bedeelegt waren, offiziell ageweit. Fir dës besonnesch Geleeënheet haten d’Kanner ee ganz speziellen Danz an esouguer eng kleng Zaubershow preparéiert.
Déi nei Maison Relais, direkt niewent der Schoul 2000 geleeën a mat méi wéi 2.700 m² Nettofläch, ka bis zu 260 Kanner ophuelen. Dës modern a kannerfrëndlech Ariichtung bitt eng grouss Villfalt u Raim fir d’Entfalung an d’Weiderentwécklung vun hire Fäegkeeten: eng Klotermauer, en Danzsall, e Konschtatelier, eng Metall- a Konschtwierkstatt, e Wëssenschaftsraum, e Bauraum, e Bastelsall, en Theater- a Rollespillraum souwéi e Snoezel-Raum.
Méi Fotoe vun der Aweiung fannt dir hei.
Donieft luet eng pädagogesch Kichen d’Kanner dozou an, hir eege Platen ze kachen. All d’Raim entspriechen den Ufuerderunge vum nationale Bildungsplang. D’Sportshal vun der École 2000 souwéi verschidde Spill- a Sportplazen am Fräien stinn de Kanner natierlech weiderhin direkt niewendrun zur Verfügung.
Besonnesche Wäert gouf op Nohaltegkeet an Energieeffizienz geluecht. Dat neit Gebai gouf haaptsächlech mat Holzkadere gebaut, wat eng exzellent Wärmedämmung an e positiven ökologesche Bilan garantéiert. Holz als Haaptbaustoff schaaft an den Banneraim eng waarm an agreabel Atmosphär a stäerkt gläichzäiteg den nohaltege Charakter vum Projet. De Sous-Sol an d’Trapenhaiser aus Beton suerge fir d’Stabilitéit vun der Struktur.
De Gesamtmontant vum Projet läit bei knapp 14 Milliounen Euro – en däitlecht Zeeche vum Engagement vun der Gemeng, fir de Kanner en héichwäertegen educativen an non-formale Raum zur Verfügung ze stellen. Mat der Aweiung vun der SEA Zolwer 2000 verfüügt d’Gemeng elo iwwer ee weidere modernen, nohaltegen an zukunftsorientéierte Bildungs- a Betreiungszentrum, dee pädagogesch Qualitéit, ökologesch Verantwortung a sozial Integratioun op eng harmonesch Aart a Weis matenaner verbënnt.