5. Gebuertsdag vum LEQGF zu Bieles
E Samschdeg, 27. September 2025 hat d’Gemeng Suessem d’Éier, bei der 5-Joer-Feier vum Laboratoire d’Études Queer, sur le Genre et les Féminismes (LEQGF) an A Gadder zu Bieles mat dobäi ze sinn. Dës Feier huet politesch Vertrieder·innen, Membere vun aneren Associatiounen an natierlech dem LEQGF souwéi engagéiert Bierger·innen zesummebruecht, fir en aussergewéinleche Parcours vu Fuerschung, Dialog an Opklärungsaarbecht ze feieren. Ënnert den Invitéë waren ënnert anerem d’Yuriko Backes, Ministesch fir Gläichstellung a Diversitéit an d’Tilly Metz, EU-Deputéiert (déi gréng), gezielt. Hir Presenz ënnersträicht déi politesch, wëssenschaftlech a gesellschaftlech Bedeitung vum LEQGF. Doriwwer eraus war d’Gemeng Suessem houfreg, datt och Rosa Lëtzebuerg mat Vertrieder·innen dobäi war, mam Tom Hecker (President) an dem Andy Maar (Member vum Verwaltungsrot). Rosa Lëtzebuerg spillt zënter ville Joren eng zentral Roll an der LGBTIQ+-Communautéit zu Lëtzebuerg.
D’Zeremonie huet déi wichtegst Etappen aus de fënnef éischte Joren an Erënnerung geruff: vun der éischter Rentrée am September 2021, iwwer wëssenschaftlech Konferenzen zu queer an trans Studies, bis bei Formatiounen an Opklärungsaarbechten. Den LEQGF huet sech als eng credibel Stëmm an der Fuerschung zu Geschlechteridentitéiten, Feminismus a sexueller Diversitéit etabléiert an als wichtege Partner fir eng gläichberechtegt Politik bewisen. D’Schäffin fir Gläichstellung a Diversitéit, Nathalie Morgenthaler, huet d’Initiativ begréisst, de Luxembourg LGBTIQ+ Panel ze schafen, a gläichzäiteg d’Wichtegkeet vun der Fuerschungsaarbecht vum LEQGF iwwer d’LGBTIQ+-Communautéit zu Lëtzebuerg ënnerstrach. Doduerch gëtt et méiglech, déi Erausfuerderungen ze verstoen, mat deene queer Persoune sech am Alldag konfrontéiert gesinn. Mir als Gemeng Suessem si frou, datt den LEQGF säi Sëtz an eiser Gemeng etabléiert huet – e kloert Zeeche fir eisen Engagement fir Gläichstellung a Diversitéit an eng Beräicherung vum kulturellen an intellektuelle Liewe bei eis.
Mir wënschen dem LEQGF, a virun allem de Grënnerinne Sandy Artuso, Enrica Pianaro a Josée Thill nach vill Joer Erfolleg, Entdeckungen a Fortschrëtter an hirer Missioun: eis Gesellschaft méi gerecht, inklusiv an opgekläert ze maachen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli