Gewënner∙inne vu „Pimp my Bushaischen“
De Concours „Pimp my Bushaischen“ huet och dëst Joer nees gewisen, wéi een Impakt Fantasie a Kreativitéit kënnen hunn. D’Iddi ass einfach: de Bushaisercher an der Gemeng en neit Liewen ze ginn – verschéinert duerch artistesch Projeten, déi vu Schoulen, Veräiner, Familljen a Bierger∙inne realiséiert ginn.
Säi Start hat d’Aktioun 2016 am Kader vun der Europäescher Mobilitéitswoch, wat direkt ee grousse Succès war. Och haut nach begeeschtert a mobiliséiert de Concours, well en net nëmmen dozou bäidréit, de Busarrête méi Liewen anzehauchen, mee och d’Bewosstsi fir nohalteg Mobilitéit ze stäerken. D’Thema vun dësem Joer war „Mobility for Everyone“ – e staarke Message, dee sech an all de proposéierte Projeten erëmfonnt huet. D’Participant∙inne hunn immens vill Zäit, Energie a Passioun an hir Kreatiounen investéiert. All Arrêt erzielt eng Geschicht, vermëttelt ee Message a weist de kollektiven Engagement. Dës Bedeelegung mécht de Concours esou wäertvoll.
Den Donneschdeg, 18. September 2025, goufen am Festsall vun der Gemeng zu Bieles d’Gewënner∙inne bekannt ginn:
1. Präis(500€) : SEA Roudewee – Arrêt Schoul Roudewee (Bieles)
2. Präis (250€) : SEA Helgebaach – Place Tornaco
3. Präis (250€) : EDS Lëtzebuerg – Metzerlach
4. Präis (250€) : GS Grupp Gr.-D. Jean Bieles-Zolwer – Place de l’Indépendance
5. Präis (250€) : Deborah Coljon – Zolwer, Schoul 2000 – Rue de Belvaux
6. Präis (250€) : Famill Delgado Morais – Mairie
E grousse Bravo un all déi engagéiert Mënschen, déi dëse Projet zu eppes Besonneschem maachen.
Fotoen: Gemeng Suessem / Sarah Raparoli. All d’Fotoen hei.