Avis au public: Société Capner
D’Gemeng Suessem mécht drop opmierksam, dass d’Firma Capner aktuell vun Haus zu Haus geet an eventuell Telefonsuriff mécht, fir Energieberodung a Photovoltaik-Anlagen unzebidden. D’Gemeng Suessem distanzéiert sech vun dëser Virgoensweis a stellt kloer, dass si dës Firma net beoptraagt huet, um Terrain vun der Gemeng ze agéieren.
Wa vun ärer Säit Interessi besteet, denkt drun, verschidden Offeren ze vergläichen. Loosst iech op kee Fall ënnert Drock setzen, eng Offer unzehuelen.
Fir Froen zu dëser Thematik kënnt dir iech un eise Partner, Klima-Agence, wenden. Detailer fir eng gratis Berodung ginn et hei.