Aarbechte virun der Schoul Bieles-Post
D’Aarbechte fir de Reamenagement vun engem Deel vun der Rue de la Poste an der Rue de l’Usine zu Bieles am Kader vun enger Zon 30 virun der Grondschoul Bieles-Post fänken un.
- Start vun den Aarbechten: e Méindeg, 25. August 2025 um 07.30 Auer
- Dauer vun den Aarbechten : +/- 14 Méint
D’Verkéierssituatioun gëtt Schrëtt fir Schrëtt dem Chantier ugepasst. Déi éischt Phas vun den Aarbechte fänkt op der Säit vun der Grondschoul un. Tëscht der Rue de l’Usine an der Rue de France gëtt eng Spuer gespaart. De Busarrêt „Postschoul“ (Richtung Déifferdeng) entfält. Fir déi ze ersetze gëtt ee provisoreschen Arrêt an der Rue du Stade ageriicht.
Den Accès zu de Commercen, dem Kierfecht an de Parkinge bleift garantéiert.
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique@suessem.lu.