Ofschloss vun der IRIS-Formatioun zu Bieles
Den 18. Juni war den Ofschloss vun der IRIS-Formatioun zu Bieles – e wichtege Moment, deen eist gemeinsaamt Engagement géint d’Eleng-Sinn an déi sozial Isolatioun ënnersträicht. Fir déi zweet Kéier gouf d’Formatioun bei eis, dës Kéier op der Gemeng zu Bieles ofgehalen, wat duerch déi wäertvoll Zesummenaarbecht tëscht dem Roude Kräiz an dem Service Senior+ vun der Gemeng Suessem méiglech war.
Zënter hirer Grënnung am Joer 2012 bereet d’IRIS-Formatioun Fräiwëlleger drop vir, Mënschen, déi an Isolatioun liewen – egal ob doheem oder an enger Institutioun – e Gefill vu Wäertschätzung ze vermëttelen. Dës Visitte sinn einfach a mënschlech – een Austausch bei Kaffi a Kuch, e Spadséiergang an der Noperschaft, eng Partie Kaarte spillen – sou kleng Gesten hëllefen, déi wichteg sozial Relatiounen am Alldag nees opzebauen.
E grousse Merci un all d’Fräiwëlleger, déi un dëser Sessioun deelgeholl hunn. Hiert Engagement ass de Pilier dësem wichtege Projet. Duerch si kënnen nei Relatiounen, Vertrauen an ee Gefill vun „ech sinn Deel vun der Gesellschaft“ entstoen. Fir méi iwwer de Service ze gewuer ginn, klickt hei.