Neie Standuert fir de Wochemuart
D’Gemeng Suessem informéiert hir Awunner∙innen a Commerçanten, datt de Wochenmuart wéinst engem Chantier, deen den 18. August 2025 ufänkt, net méi um Parking vis-à-vis vun der Schoul Belvaux-Poste stattfënnt. Ab e Mëttwoch, dem 20. August 2025 gëtt de Muart provisoresch op d’Place de l‘Indépendance zu Zolwer verluecht.
Praktesch Informatiounen:
- Neie Standuert: Place de l’Indépendance zu Zolwer
- Horaire: all Mëttwoch vu 7.00 bis 13.30 Auer
Appel à candidatures – Commerçante gesicht
Am Kader vun der Relance vum Wochemuart mécht d’Gemeng Suessem en Opruff un interesséiert Commerçanten, fir d’Offer um Muart ze vergréisseren an eng méi grouss Diversitéit u Liewensmëttelproduiten unzebidden. Interesséiert Persoune kënne sech beim Service Relations publiques et Culture melle mat enger kuerzer Beschreiwung vum Konzept, den technesche Besoine sur Place (z. B. Stroum, wéi vill Plaz gebraucht gëtt, …) an enger Kopie vun der Autorisatioun de commerce. D’Kandidature muss bis spéitstens de 14. September 2025 agereecht ginn.
Kontakt iwwer Mail service.rpc@suessem.lu oder Telefon (+352) 59 30 75 – 503.