09/07/2025
Chantier um Boulevard des Lumières zu Bieles
Wéinst der Preparatioun vun engem Chantier op der Héicht vun den Nummere 5 bis 7 um Boulevard des Lumières zu Bieles, gëtt eng Fuerspuer punktuell zougemaach.
- Start vun den Aarbechten: Mëttwoch, de 16 Juli 2025 um 9.00 Auer
- Dauer vun den Aarbechten: 2 Joer
Den Tronçon tëscht der Rue Jules Ferry an der Rue Gustave Eiffel gëtt am Sens-unique gereegelt. Eng Signalisatioun gëtt op der Plaz opgestallt.
Fir zousätzlech Froe kënnt dir iech un de Service Technique riichten, entweder iwwer Telefon um 593075-477 oder iwwer Mail op secretariat.technique@suessem.lu.