Dinner in the Dark fir den Diversity Day
Am Kader vum Diversity Day 2025 huet d’Chancëgläichheetskommissioun een aussergewéinlecht Event organiséiert: en Dinner in the Dark den 3. Juni am Boulodrome zu Bieles. Et war net déi éischte Kéier, well scho virun dräi Joer huet dat speziellt Iesserliefnis stattfonnt an deemools wéi haut mat vollem Succès: D’Evenement war komplett ausgebucht, mat ronn 30 ugemellte Persounen.
De Menü gouf zesumme mam Kach vun der Eis Brasserie ausgeschafft a vu fënnef Membere vun der zoustänneger Chancëgläichheetskommissioun zerwéiert. D’Gäscht hunn am Viraus nëmmen uginn, ob si Allergien oder Intoleranzen hunn oder eng vegetaresch Optioun wéilten – iwwert de reelle Menü gouf am Virfeld näischt verroden. Dëst huet fir vill Iwwerraschung a spannend Diskussiounen um Dësch gesuergt, well am Däischteren d’Sënner ganz anescht gefuerdert ginn. Nieft Tartare de Boeuf, Oignons frits oder Purée de pomme de terre an Effiloché de porc cuit basse température gouf et fir d’Vegetarier∙innen eng Crème de légumes et légumes confits, ee Crémeux de patate douce an eng Polenta poêlée mat enger Déclinaison de légumes en différentes textures. Fir den Dessert stounge Pavlova aux fruits rouges an Île flottante déstructurée mat Siphon à la vanille um Menü.
Duerch den Owend hunn de Patrick Hurst a Joaquim Sampaio Alves gefouert, ënnerstëtzt vun der Presidentin vun der Kommissioun, Sandrine Reuter. Och d’Ressortschäffin Nathalie Morgenthaler war präsent. D’Reaktioune vun de Participant∙innen ware positiv: Vill hu betount, wéi interessant et war, Iessen eemol op eng ganz aner Manéier ze erliewen – ouni d’Aen, mee mat vill méi Opmierksamkeet fir Goût, Textur a Gespréicher mat den anere Leit.