E Moment vun Erënnerung a Respekt
Den 19. Mee 2025 huet d’Gemeng Suessem nees un der järlecher Gedenkfeier zesumme mat der Amicale des anciens prisonniers an de Famillje vun de Verschwonnene vum Lager Natzweiler-Struthof deelgeholl.
Um 11.00 Auer gouf ee Blummekranz am Kierfecht zu Déifferdeng néiergeluecht – a Gedenken un d’Affer vum Konzentratiounslager Natzweiler-Struthof, dat 1941 als eenzegt Lager vun dësem Typ um haitege franséischen Territoire am Elsass vum Nazi-Regime opgeriicht gouf. Tëscht de ville verschleefte Persounen aus ganz Europa goufen och siwe lëtzebuergesch Resistenzler den 19. Mee 1944 op der Sandsteeschéier vum Lager op brutal Aart a Weis higeriicht.
- François Goldschmit (Déifferdeng)
- Marcel Jung (Déifferdeng)
- Ernot Lorang (Bieles)
- Edouard Morbé (Rëmeleng)
- Georges Tholl (Esch-Uelzecht)
- Albert Ungeheuer (Déifferdeng)
- Charles Wiesen (Rëmeleng)
Andeems mir hinne gedenken, erweise mir hirem Courage, hirer Mënschlechkeet an hirem Affer eisen déifste Respekt. Dëse feierleche Moment huet och un d’Wichtegkeet erënnert, d’Wëssen an d’Bedeitung vun der Resistenz un déi jonk Generatioune weiderzeginn – eng Missioun, déi eis Gemeng mat Iwwerzeegung virundreift. D’Erënnerung däerf net nëmmen op ee Gedenkdag limitéiert bleiwen. Si lieft an den Erzielungen, déi mir weiderginn, an de Wäerter, déi mir verdeedegen – an an deene klenge Geste vun Zesummenhalt an eiser Solidaritéit.