Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
15/05/2025

Flèche du Sud vum 28. Mee bis 1. Juni

Déi 2. Etapp vun der 74. Flèche du Sud geet och dëst Joer nees duerch eis Gemeng. Départ vun den 160,2 Kilometer ass e Freideg, den 30. Mee zu Suessem an der Rue de Niederkorn a féiert och duerch Zolwer an e Sonndeg, den 1. Juni duerch Bieles. Zu Suessem, Bieles an Zolwer féiert d’Course duerch eng Partie Stroossen.

Zweet Etapp den 30. Mee 2025 – Suessem an Zolwer

 

 
Start- an Etappenzil sinn zu Suessem an der Rue de Niederkorn virun der Sportshal. D’Streck tëscht der Rue du Château an dem Haus mat der Nummer 74 ass wärend der Course komplett fir de Verkéier gespaart. Et kann tëscht 12.55 a +/- 16.30 Auer zu Perturbatiounen am Verkéier kommen.
 
Falls dir ären Auto braucht, kann dëse bis 10.00 Auer aus deem betraffene Streckenofschnëtt geréckelt ginn. Zousätzlech gëtt déi gesamt Streck am Sens-unique gereegelt a verschidde Stroosse sinn eng Stonn virum Depart an eng Stonn no der Arrivée gespaart. Verschidde Busarrête wäerten net ugefuer ginn. Op mobiliteit.lu ginn et méi Informatiounen zu de betraffenen TICE- an RGTR-Linnen.

Véiert Etapp den 1. Juni 2025 – Bieles

 

 
Zu Bieles sinn d’Stroosse Route d’Esch, Rue de la Poste, Rue de l’Usine an de Boulevard C. de Gaulle betraff. De Verkéier gëtt op där gesamter Streck tëscht +/- 12.00 a 17.30 Auer am Sens-unique gereegelt. Verschidde Busarrête wäerten net ugefuer ginn. Op mobiliteit.lu ginn et méi Informatiounen zu de betraffenen TICE- an RGTR-Linnen.
 
Flèche du Sud 2025
 
 

Zréck