San’Up – Family Day
Loscht ären neie Liblingshobby ze entdecken? De San’Up geet an eng zweete Ronn:
den 9. Mee 2024 vun 10.00 bis 18.00 Auer
um Kannercampus/ Park um Belval
Egal ob Danz, Serigraphie, Poetry Slam oder Parkour, Boxen, Yoga, Rugby a villes méi – mir bidden de ganzen Dag iwwer gratis Aktivitéiten a Workshops fir Jonker an Erwuessener un. De komplette Programm gëtt et op sanup.lu. Hei eis Fotosgalerie vum leschte Joer: San’Up 2023
Nieft eisen Ateliere ginn och Demoen op der Center Stage organiséiert. Wie mam Auto kënnt, kann deen Dag vum gratis Parking beim Lycée Bel-Val profitéieren.
Egal ob Sonn oder Reen, baussen oder bannen, mir si prett fir en onvergiessleche Familljendag.