18/03/2024
Bréifwal oder verhënnert fir wielen ze goen
Wie kann eng Bréifwal fir d’Europawalen ufroen?
All ageschriwwe·ne Wieler·in ka fir d’Europawalen ufroen, per Post ze wielen.
Wéi sinn d’Delaie fir eng Bréifwal unzefroen?
All Demande fir eng Bréifwal muss an der Gemeng vum Wieler·in ugefrot ginn, an zwar:
- bis spéitstens 25 Deeg virun de Walen (15. Mee 2024), wann de Convocatiounsbréif un eng Adress op Lëtzebuerg geschéckt gëtt
- bis spéitstens 40 Deeg virun de Walen (30. Abrëll 2024), wann de Convocatiounsbréif un eng Adress an d’Ausland geschéckt gëtt
Wéi kann een d’Bréifwal unzefroen?
- Formulaire demande de vote de correspondance un d’Gemeng zeréckschécken (mail@suessem.lu oder B.P. 74 L-4401 Belvaux)
- via myguichet.lu
Wann et Iech net méiglech ass un de Walen deel ze huelen:
Déclaration d’impossibilité de voter