Aschreiwung fir Éischt-Hëllef-Cours
Dir wëllt an der Lag si medezinesch Noutfäll richteg z’erkennen, liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen an Noutfallpatient·inne richteg ze tässelen? De Service Sociétés organiséiert een Éischt-Hëllef-Cours op Lëtzebuergesch. D’Formatioun gëtt am Festsall vun der Gemeng ofgehalen. Dir kënnt iech gratis fir d’Formatioun, déi op 4 Samschdeger vun 8 bis 12 Auer opgedeelt ass, umellen.
• 27. Abrëll
• 04. Mee
• 11. Mee
• 18. Mee
D’Umeldung geet iwwert den Internetsite vum CGDIS: Gratis Aschreiwung
Inhalter vum Cours:
• Éischt Mesuren op Accidenter
• D’Versuerge vu Wonnen an den Ëmgang mat Verbänn
• Verbrennungen
• Bewosstlosegkeet a stabil Säitelag
• Basic Life Support mëttels Häerzmassage an dem Asaz vum automateschen externen Defibrillator (AED)
• Reanimatioun vu Kanner
• Engem accidentéierte Motard patientegerecht den Helm ausdoen