aktiv! Aktivitéite fir all Alter
Mir sinn houfreg Iech eis Broschür iwwert Weiderbildungscoursen, Sports- a Fräizäitaktivitéite fir d’Rentrée 2023/2024 virzestellen.
Aktiv a mat Liewensfreed duerch d’Liewe goen, wierkt sech positiv op d’Gesondheet aus. Et ass wichteg en Ausgläich ze fannen, fir mental a kierperlech fit ze bleiwen. Dofir hu mir eist Bescht gemaach, fir eis Offer esou villsäiteg wéi méiglech ze halen, fir datt jiddweree vun Iech eppes fënnt, wat ëm zouseet.
Zéckt net, fir Iech hei anzeschreiwen. Mir wënschen Iech op alle Fall elo scho vill Freed an Erfolleg.
Fir Iech d’Coursen nach méi nozebréngen, fannt Dir hei en Abléck an déi verschidde Coursen
Entdeckt déi aktuell Broschür 2023/2024
Billetterie Weezevent
Kuckt eis Videoserie fir op de Goût ze kommen: