Signalez-le
Démarches et Annuaire
Résultats de recherche pour : {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulaires
Documents

Signalez-le

  • Taille max. des fichiers : 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • Ce champ n’est utilisé qu’à des fins de validation et devrait rester inchangé.

Chiffres clés

  • Début du projet:
    1 juin
  • Fin du projet:
    9 décembre
  • Couts:
    1.285.000 TTC
  • Responsable:
    Büro A+T architecture

Gîte Bieles-Réideng

Désolé, cet article est seulement disponible en Luxembourgeois.

Den Devis vun 1.285.000.- TTC betrëfft d’Konstruktioun vun engem neie Gîte um Belval-Halte zu Bieles.

Dëse Gîte gehéiert zum Minett-Trail, deen iwwer ronn 90km duerch déi 11 Gemengen vum ProSud-Syndikat geet. Déi eenzel Projet’e sinn iwwert e Concours ausgeschriwwe ginn an de Projet an der Gemeng Suessem huet dunn de Büro A+T architecture gewonne gehat.

D’Plaz vum Gîte läit zu Bieles niwwent dem Zuch-Arrêt Bieles-Réiden, bei der rue Joséphine Welu-Scherer.

Hei stoung en aale Bungalow aus de 50-60er Joeren deen an enger éischter Etapp soll ofgerappt ginn.

Dono soll op der selwechter Plaz e Neibau erricht ginn, deen dann fir d’Randonneuren accessibel ass.

De Bau besteet just aus engem Rez-de-Chaussée an ass vun dem Wee, dee nei aménagéiert wäert ginn, direkt accessibel ( votéiert C.C. September 2019 ). Iwwert e Sas/Couloir kënnt een zum engen an d’Salle de Séjour équipéiert mat Canapéen, enger klenger Kichenzail, an engem Iesseck; an zum aneren an de Deel vun de Sanitairen an dem Dortoire.

D’Dortoiren bestinn aus 2×4 Schlofinselen an 2x Duebbelschlofunitéiten.

D’Sanitairen sinn demenspriechend ugepasst, mat individuellen Douchen, Casieren bei de Lavabo’en.

Vum Séjour kënnt ee nach ob eng kleng Baussen-Terrasse.

Als Sekondärräim sin nach eng kleng Buanderie/Stockageraum, e Poubellesraum an 3 technesch Räim virgesinn.

Well de Projet aktuell an enger Gréngzone läit, ass eng Modifikatioun vum PAG ugefrot ginn ( Saisine am Gemengerot 25.09.2020 ).

De Gîte soll zesumme mat deenen aneren Gîten vun engem Gérant verwalt ginn ( Reservatiounen, Ënnerhalt, Botzen,…).

Den Detail ass ausgeschafft gi vun dem Architektebüro A+T Architecture, zesumme mat de Büroen ICLux an Dalzotto.

Ugefaangen hunn d’Aarbechten am Summer 2021. Ageweit gouf den neie Gîte den 9. Dezember 2022 >>>

Retour