Lord’s Inn Revival Party
Sidd alleguerten nees mat dobäi op der 6. Editioun vun eiser Lord’s Inn Revival Party.
E flotten Danzowend ganz am Stil vun der fréierer Escher Diskothéik. De Raymond Delavega – fréieren DJ – spillt Iech déi beschte Musek vun deemools a Musek aus den 80er, 90er an 2000er.
Eis Cocktail Bar an de Café Sprint dierfen och net feelen, fir dass Dir Iech bei eis wuelfillt. Fir den Honger ass mat eisem Barbecue natierlech och gesuergt.
Virverkaf ab elo an eiser Billeterie, ab dem 15. September bei de Membere vum Veräin a beim DJ Raym oder an der Oweskeess.
20:30-03:00