Concert
Concert vun de 4 Jugendmuseken
All zwee Joer organiséiert eng Musek aus der Gemeng e Stage fir déi sämtlech Jugendensembele vun deene véier Museken aus der Gemeng. 2025 ass et un der Bieleser Musek, dee Stage zu Housen virzebereeden an op e Concert hinzeschaffen.
Dëse Concert ass dann och schonn eng Traditioun. Déi véier Jugendmuseke spillen am Artikuss e musikalesche Programm zesummen, deen si wärend dem Stage virbereet hunn.
Et geet ëm 17.00 Auer lass, an den Entrée an der Oweskeess ass 8€ (gratis fir déi ënner 16 Joer).
Adresse: Artikuss (Soleuvre)
Contactez l'organisateur
Contactez l'organisateur