Numia – Kannertheater
Et ass schonns Traditioun, datt eise SEA an d‘Amicale vun der Maison Relais (AMARE) zesumme mat der ONG Hand an Hand an dem Kannertheatergrupp Dausendbéngchen e musikaleschen Theater fir Grouss a Kleng am Artikuss um Scheierhaff organiséieren. Dëst Joer steet “Numia”, e musikalesche Kannertheater um Programm. Den Erléis ass wéi all Joers fir déi sozial Projete vun der ONG Hand an Hand a méi spezifesch fir Kanner mat spezielle Bedürfnisser.
D’Numia ass aneschters. Et kënnt vu wäit hier – vum Planéit Fantamira – a lant matten ënnert eis. Matt groussen Aen, engem oppenen Häerz an enger zolitter Portioun Fantasie geet hatt op d’Mënschen duer. Mee wat geschitt, wann een net esou ass wéi déi aner? Wann een dreemt, do wou anerer plangen, fräi danzt, do wou anerer sech am Takt beweegen.
An enger moderner a faarwefrouer Musical-Adaptatioun vum Josy Braun senger bekannter Geschicht, erziele Kanner fir Kanner an hier Familljen d’Geschicht vun Ausgrenzung, Mutt, Respekt a Frëndschaft an dovunner, wéi wäertvoll et ass, einfach sech selwer ze sinn.
Begleet vu flotter Musek, liichtende Faarwen an enger grousser Portioun Zauberei, luet dëst Stéck grouss a kleng Spectateuren op eng Fantasierees an, déi un d’Häerz geet an Hoffnung schenkt.
Ticketen – Virverkaf