Fréijoersformatioun – Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet
Ëmmer méi Leit leiden ënnert enger mentaler Belaaschtung. Léiert an dëser Formatioun fir Erwuessener, wéi dir enger Persoun hëllefe kënnt, déi Zeeche vu mentale Gesondheetsproblemer weist oder duerch eng Kris geet.
D’Éischt Hëllef an der mentaler Gesondheet setzt sech aus 4 Coursen zesummen, déi jeeweils 3 Stonnen daueren an op Lëtzebuergesch sinn.
Opgepasst: D’Seance sinn net austauschbar. Wann Dir Iech fir d’Formatioun aschreift, sidd Dir gebiede fir déi 4 Seance present ze si fir den Zertifikat ze kréien.
Déi 4 Seance vun der Fréijoersformatioun fannen op follgenden Date statt:
– 13. Abrëll 2026
– 20. Abrëll 2026
– 27. Abrëll 2026
– 4. Mee 2026
Am A Gadder (10, Rue de France, L-4477 Belvaux)
Umeldung fir d’Fréijoersformatioun bis den 2. Abrëll 2026 beim Service à l’Égalité des chances et Diversité per Mail op service.secd@suessem.lu oder per Telefon um 59 30 75 – 654. D’Frais de Participation belafe sech op 75 EUR.
Gitt wgl. un, ob Dir dat begleedend Buch op Däitsch oder Franséisch wëllt.
D'Diere ginn um 18h00 op.