Wanteratelieren | Chrëschtdagsdeko
Vill Kanner hu kaum nach Kontakt mat eelere Mënschen – an hei kommt Dir an d’Spill! Mir sichen engagéiert Senior∙innen, déi Loscht hunn zesumme mat de Kanner aus der Maison Relais Kannercampus Belval flott Momenter ze erliewen.
Am Bastelatelier Chrëschtdag bastele mir schéi Chrëschtdagsdeko zesummen, guidéiert vum Personal vum SEA.
Eng Navett féiert Iech sécher vum Gemengenhaus op de Campus a bréngt Iech och nees zréck (Start vun der Navett ass 14.40 Auer). Fir méi Infoen zu deenen eenzelen Atelier kënnt dir Iech beim Service Senior+ mellen.
Dir kënnt Iech fir een oder méi Atelieren aschreiwen.