Concert
Faarweconcert
Ënnert dem Titel „Brown“ heescht d’Zolwer Musek iech am Artikuss fir ee weidere Concert aus eiser Faarwerei wëllkomm a begréissen net just eis Kolleeg∙inne vun der Hesper Musek op der Bün, mee wäerten och op Solist∙inne mat passenden Numm aus eisen eegene Reien zeréckgräifen. Freet iech op ee musikaleschen Owend, wou dir gewuer gitt wat ons alles zu der Faarf vun der Buedemstännegkeet an der Neutralitéit agefall ass. Tickete ginn et, wéi gewinnt just an der Oweskeess am Artikuss (3, Rue Jean Anen, L-4413 Zolwer).
Adresse: Artikuss