MATHIKO
Geschwënn wäert an der Gemeng Suessem en didaktesche Musée seng Dieren opmaachen, wéi et esou nach keen op der Welt gëtt. E Musée mat deem an engems och déi kommunal Archive kënne vergréissert ginn. Dës zwee Projeten, op d’Been gestallt am September 2017, ginn an engem neie Fräizäit- a Kulturzenter um Fouss vum Gaalgebierg an direkter Noperschaft zu Kultur- a Geschichtshaus « A Gadder » realiséiert.
Dëst neit Gebai ass en Deel vun engem globale Projet, deen d’Kultur- a Geschichtshaus « A Gadder », d’Vergréisserung vun den Archiven an den didaktesche Musée harmonesch matenee verbënnt. De Pëtz am historesche Gaart, zu der Strooss zou, bleift erhalen a gëtt an de Projet mat agebaut.
An deem neie Gebai kritt den didaktesche Musée « MATHIKO » seng Plaz, wou déi privat Kollektioun vum Här Marcel Gillen, eng vun de weltwäit gréisste Sammlunge vu Denk- a Logikspiller, ausgestallt. Am Raum, dee fir d’Ausstellung reservéiert gëtt, wäerte Kleng a Grouss dozou bruecht ginn z’experimentéieren an ëmmer nees nozedenken. All Sall wäert verschidde Spiller an Experienze bidden.
E grousse Konferenzsall, eng Bibliothéik, e Klassesall, en Atelier, e Büro an zwou separat Toilettë kommen op den 1. Stack. An de Keller kommen e Sall fir déi kommunal Archiven, en Archivsall fir de Musée esou wéi déi technesch Lokaler.
D’Gebai zeechent sech duerch e modernen Design an eng nohalteg Architektur aus. Déi viischt Fassad besteet aus Metall a Glas a wäert duerch seng Linnen déi existent Gebailechkeet matenee verknäppen a Blécker op sech zéien.
Zréck