Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les informations recueillies sur ce formulaire font l'objet d'un traitement par la Commune de Sanem afin de mener à bien votre demande et conformément au règlement général sur la protection de données, le Règlement (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Hochzäiten

Hochzäiten

Formalitéiten virun der Hochzäit

D’Koppel déi bestuet wëll ginn, egal ob Mann a Fra oder gläichgeschlechtlech, vun deenen op mannst een an der Gemeng wunnt, muss Minimum zwee Méint virum geplangten Datum (bei enger Koppel Lëtzebuerger) oder Minimum dräi Méint (fir auslännesch Matbierger) um Etat Civil laanschtkomme fir den Hochzäitsdossier an Ëmfang ze huelen.

Néideg Dokumenter

° eng gülteg Carte d’Identité oder e gültege Pass

° eng Kopie vum Gebuertsschäin, mat den Nimm vun den Elteren, deen net méi al ewéi sechs Méint ass, wann en aus dem Ausland kënnt an net méi al ewéi dräi Méint ass fir e Lëtzebuerger Acte de Naissance

° d’Residenzzertifikater

° wann néideg, d’Gebuertsschäiner vun de gemeinsame Kanner, d’Scheedungspabeiere, wann een Deel vun der Koppel schonn eng Kéier bestuet war, de « capacité matrimoniale » deen esou vum Gesetz hier virgesinn ass

Wichteg : All Dokument, wat aus dem Ausland kënnt, brauch eng Apostill oder eng begleewegt Ënnerschrëft. Dokumenter, déi net op Franséisch, Däitsch oder Englesch sinn, mussen duerch en zu Lëtzebuerg zougeloossenen Iwwersetzer an eng vun deenen dräi Sproochen iwwersat ginn.

Den Dossier erareechen

D’Koppel muss gemeinsam, an op mannst ee Mount virun der Hochzäit, mat all den néidegen Dokumenter op d’Gemeng kommen, fir den Dossier ze deposéieren. Wann dëse komplett ass, gëtt d’Opgebuet wärend 10 Deeg um Stéck an de Gemengen an deenen déi zwee Membere vun der Koppel wunnen, ausgehaangen. D’Hochzäit muss duerno bannent 12 Méint sinn.

Hochzäitsfeier

Eng Hochzäit gëtt am Hochzäitssall vun der Gemeng vollzunn. Dag an Auerzäit gi bei der Remise vum Dossier festgeluecht. All Hochzäit muss ëffentlech sinn an dat zivilt Bestietnis muss virun der reliéiser Hochzäit gewiescht sinn.

Oppassen : All Lëtzebuerger(in), déi sech am Ausland bestuede wëllen, mussen hire Marriage an der Gemeng an där se doheem sinn aushänke loossen. Geschitt dat net, besteet d’Gefor, dass d’Hochzäit zu Lëtzebuerg net unerkannt gëtt.