Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les informations recueillies sur ce formulaire font l'objet d'un traitement par la Commune de Sanem afin de mener à bien votre demande et conformément au règlement général sur la protection de données, le Règlement (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Der Natur op der Spur

Vakanz bedeit sécherlech Erhuelung vun de Strapaze vum Schoulalldag. Erhuelung muss awer net heeschen, dass ee guer näischt mécht oder erlieft. Déi vill Fräizäit bitt sech perfekt u fir Erfarunge fir d’Liewen ze sammelen.

An deem Sënn sollen d’Ëmweltaktivitéite vun der Gemeng Suessem d’Kanner net nëmmen animéieren, mee och motivéiere fir selwer am Beräich Ëmwelt aktiv ze ginn. Dëst Joer fannen eng sëllechen Aktivitéiten an a ronderëm d’Matgesfeld statt. Op dëser Plaz ass ee flotte Gemeinschaftsgaart entstanen, an deem souwuel Awunner aus eiser Gemeng, souwéi och Schoulklassen eenzel Parzellen nëtze a
sech hei och an engem schéine Kader begéine kënnen.

Ee Gaart ass eng wonnerbar Geleeënheet fir Spill an Unterrecht mateneen ze verbannen. Mat Freed an Enthusiasmus stelle mir iech d’Aktivitéite vum Ëmweltdiplom 2019 vir, déi sech un all d’Schüler aus de Cyclen 3.2 a 4.1 aus dem Schouljoer 2018 / 2019 riichten.

Wann Äert Kand no der Umeldung net ka matgoen, da mellt et w.e.g. of op der Telefonsnummer 59 30 75 – 659 oder 661 916 500.
 


 
 
 
 
Note: Är perséinlech Donnéeë gi just fir d’Umeldung benotzt a vertraulech behandelt. No den Aktivitéite ginn alleguerten är Donnéeën erëm geläscht. Sollt eng Persoun hier Rechter wëllen ausübe wéi beim Reglement (UE) 2016/679 virgesinn, sou kann si dëst iwwer d’E-Mail dpo@suessem.lu oder iwwer Courrier op d’Gemeng maachen.