Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les traitements de données à caractère personnel réalisés par la Commune de Sanem ont pour seule finalité de lui permettre de mener à bien les missions légales dont elle est responsable, conformément au règlement général sur la protection des données (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Coronavirus

Hei fannt Dir déi neisten Entwécklungen am Dossier vun der Regierung (Klickt !)

Weider wichteg Dokumenter fannt Dir ganz ënnen op dëser Säit.


 

Publizéiert de 4. Mäerz 2021: Beweeg dech doheem mat der LASEP

Beweeg dech doheem mat der LASEP an deene ville kreative Videoe vum Carole Resslinger. Ob Beweegungs- a Geschécklechkeetsspiller, Parcoursen oder souguer Bouschéissen a Bowling doheem, denger sportlecher Fantasie sinn hei keng Grenze gesat. Vill Spaass!
-> D’Video-Auswiel


 

Publizéiert de 5. Februar 2021: Annulatioun vun den SEA-Aktivitéite vum 08.02.2021 bis den 21.02.2021 fir scolariséiert Kanner

De Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse an enker Zesummenaarbecht mat der Direktioun vun der Santé huet souwuel d’schoulesch Aktivitéite wéi och d’Aktivitéite vun de Betreiungsstrukturen (SEA, Mini-crèchen, Dageseltere vu schoulflichtege Kanner) vum 8. bis den 21. Februar annuléiert.
Et sief awer bemierkt, datt d’Aktivitéite fir net-scolariséiert Kanner (Crèchen, Dageselteren) weiderhi stattfannen.
D’Reprise vun de Coursen an d’Aktivitéite vum SEA ass am Prinzip fir e Méinden 22. Februar 2021 virgesinn.
D’Eltere vun de Kanner bis 13 Joer, déi duerch d’Ëmstänn vun der sanitärer Kris net kënnen d’Schoul oder de SEA besichen, kënnen e Congé pour raisons familiales ufroen, ënnert der Konditioun, dass se e Certificat, ausgestallt vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, kënne virleeën, deen déi gegeben Situatioun attestéiert. Dëse Certificat ass bäizefüge bei de Formulaire “demande du congé pour raisons familiales” dee sech um Site guichet.luhttp://guichet.lu/cocrf befënnt.


 

Publizéiert den 8. Januar 2021: Reouverture vun der Gemeng vum 11. Januar 2021

De Schäfferot deelt mat, datt d’Gemeng de Méindeg 11. Januar 2021 hir Dieren nees wéi gewinnt opmécht.

Kontaktéiert eis Servicer via mail@suessem.lu oder iwwert den Internetsite vun der Gemeng.
Dir kënnt Är administrativ Demarchen och via myguichet.lu oder macommune.lu ofwéckelen.
Falls Dir awer perséinlech op d’Gemeng musst kommen, braucht Dir kee Rendezvous.

D’Gemeng Suessem biet hir Awunner awer weiderhi sech just op déi urgent Demarchen ze beschränken.

Merci fir Äert Versteesdemech!


 

Publizéiert de 24. Dezember 2020: Fermeture vun der Gemeng vum 28. Dezember 2020 bis den 10. Januar 2021

Am Kader vun de rezenten Erklärunge vun der Regierung, huet de Schäfferot decidéiert dass d’Gemeng vum 28. Dezember 2020 bis den 10. Januar 2021 inclus zou bleift.

All administrativ Demarchen op der Gemeng bleiwe weiderhin zougänglech, mee dëst just op Rendezvous. Kontaktéiert d’Gemeng dofir iwwert mail@suessem.lu oder per Telefon um 59 30 75 – 1.

D’Gemeng Suessem biet hir Awunner sech allerdéngs op déi urgent Demarchen ze beschränken.

Merci fir Äert Versteesdemech!


 

Publizéiert de 24. Dezember 2020: Recylingzenter

De SIVEC (Syndicat Intercommunal à Vocation Écologique) deelt mat, dass de Recyclingzenter ab en Dënschden, 29. Dezember 2020 nëmmen nach op Rendezvous zougänglech ass.

Profitéiert vum Online-Rendezvous-System an evitéiert onnéideg laang Waardezäiten.

https://rdv.sivec.lu

www.sivec.lu

Tel.: 54 98 98


 

Publizéiert de 24. Dezember 2020: Annulatioun vun den SEA-Aktivitéite vum 28. Dezember 2020 bis den 10. Januar 2021

An der Suerg all d’Mesuren ze huelen déi dozou bäidroen der Verbreedung vum Covid-19 Virus entgéintzewierken, huet d’Regierung den 21. Dezember 2020 decidéiert d’Aktivitéite vun alle Schoulen a Kannerbetreiungsstrukture vum 28. Dezember 2020 bis den 10. Januar 2021 ze annuléieren. Dozou gehéieren d’SEA, d’Mini-Crèchen an d’Dageselteren.

Heiduerch bleiwen all Servicer vun eisem SEA vum 24. Dezember (14.30 Auer) bis den 10. Januar 2021 zou. Fir d’Woch vum 4. – 8. Januar kënnen d’Eltere vun engem “congé pour raisons familiales (CRF) spécifique lié à la COVID-19” profitéieren. Dëse Congé erlaabt et engem Elterendeel sech Doheem em säi Kand ënnert 13 Joer ze bekëmmeren.

De Formulaire fir d’Demande ze stelle fënnt een um Site vu guichet.lu: http://guichet.lu/cocrf

Wärend der betraffener Woch gëtt keen Accueil un d’Eltere verrechent.

All d’Kontrakter vum Chèque-Service, déi am Dezember 2020 oder Januar 2021 sollten oflafen, ginn automatesch verlängert bis den 31. Januar 2021.


 

Publizéiert den 27. November 2020: + Max. 2 Persounen

    Privat Versammlungen oder privat Evenementer, dobannen oder dobaussen, si limitéiert:

  • op Persounen déi zum nämmlechte Stot gehéieren
  • + maximal 2 Visiteuren, déi och Deel vun engem selwechte Stot sinn

 

Publizéiert den 23. November 2020: Ënnerstëtzt déi lokal Restaurateuren

(Update vum Artikel vum 4. Mee 2020)

Am Kader vun de rezente Präventiounsmesurë mussen d’Restaurante vum 26. November un hir Dieren erëm zoumaachen. Hei fannt Dir eng Lëscht vun deene Restaurateuren an der Gemeng Suessem, déi Iesse liwweren oder bei déi Dir ee Plat kënnt siche goen (Takeaway):

Éilereng

  • Souvlaki The Original – 661 399 599 / 691 217 379 – Takeaway

Suessem

  • Dal Nigro – 26 59 01 90 – Takeaway + Liwwerung
  • Restaurant GU – 26 59 12 41 – Takeaway + Liwwerung
  • Restaurant Bangkok – 26 59 13 42 – Takeaway + Liwwerung
  • Restaurant Champagne – 26 59 11 01 – Takeaway + Liwwerung

Zolwer

  • Eis Epicerie Zolwer – 26 59 44 23 – Takeaway Menu du Jour, vu méindes bis freides
  • Restaurant Cristal – 26 58 22 20 – Takeaway + Liwwerung, vu méindes bis samschdes
  • El Barbaro – 26 59 48 48 – Takeaway + Liwwerung
  • Rosso Di Sera – 26 59 02 19 / 621 206 867 – Takeaway + Liwwerung
  • L’Angolo Divino – 26 59 06 25 – Takeaway + Liwwerung
  • Restaurant Lo Scrigno – 26 59 40 24 – Takeaway + Liwwerung, vun dënschdes bis sonndes, just owes

Bieles

  • Eis Brasserie Boulodrome – 26 59 48 55 – Takeaway + Liwwerung vu méindes bis freides
  • Free Time Café – 28 20 36 84 – Takeaway + Liwwerung,
  • Restaurant Ichiban – 28 79 83 38 – Takeaway, nëmmen owes (dënschdes zou)
  • Restaurant Pizzeria Miazia – 26 59 57 – Takeaway + Liwwerung
  • Restaurant Pizzeria Orchidea – 26 56 06 89 – Takeaway + Liwwerung
  • La Rose de Chine – 59 16 24 – Takeaway
  • Fu Dou Lou – 26 59 05 27 – Takeaway
  • Taverne Boulevue – 59 10 08 – Takeaway

Belval

  • Restaurant Jay Nepal – 27 99 01 09 – Takeaway + Liwwerung
  • Nonna Nenette – 26 17 53 62 – Takeaway / Frësch Nuddele 24 Stonnen am viraus bestellen

Feelt Äre Restaurant op dëser Lëscht? Da schéckt wgl. e Message u service.rpc@suessem.lu .


 

Publizéiert de 27. Oktober 2020 : Max. 4 personnes

Bei den neie Mesurë spillt d’Zuel 4 eng wichteg Roll. Sou ass de Mask bei engem Zesummekomme vu méi wéi 4 Persounen obligatoresch. Donieft däerf een am Restaurant héchstens nach zu 4 Persounen un engem Dësch sëtzen an och soll een d’Unzuel vu Persounen, déi ee bei sech heem invitéiert op 4 limitéieren. Doriwwer eraus soll vun 23.00 bis 06.00 Auer e Couvre-feu gëllen, dëst un allen Deeg an der Woch.


 

Publizéiert de 27. Oktober 2020 : Appel au public – Urgent Demarchen

Wéinst der aktueller Entwécklung vun der Pandemie vum COVID-19, biet d’Gemeng Suessem hir Awunner sech op déi urgent Demarchen ze beschränken.
Kontaktéiert eis Servicer via mail@suessem.lu oder iwwert den Internetsite vun der Gemeng.
Dir kënnt Är administrativ Demarchen och via myguichet.lu oder macommune.lu ofwéckelen.
Merci fir Äre Versteesdemech.


 

Publizéiert de 26. Mee 2020 : Cartes d’identité

Mir erënneren Iech drun, dass d’Lëtzebuerger Regierung d’Gültegkeet vun de Cartes d’identité verlängert hat. Si bleiwe gülteg bis 3 Méint nom Enn vum Noutstand. D’Identitéitskaarte vu Residenten, déi wärend dem Noutstand geplënnert sinn, waren och nom 1. Mäerz 2020 nach valabel. Dat gëlt och fir Kaarten, déi no dësem Datum ofgelaf sinn.

D’Verlängerung vun der Gültegkeet ëm 3 Méint nom Enn vum Noutstand erlaabt et de Gemengen, déi néideg Demarchen ze maachen. Wann Dir verreese wëllt, da sollt Dir awer wa méiglech séier eng nei Carte d’identité maache loossen. Et ass nämlech net sécher, dass en ofgelafent lëtzebuergescht Dokument vun auslänneschen Autoritéiten acceptéiert gëtt, och wann seng Durée verlängert gouf.


 

Publizéiert den 22. Mee 2020 : Message zu de Spillplazen

Spillplazen, déi direkt nieft enger Schoul oder Maison Relais sinn, kënne vum Méinden, 25. Mee 2020 un erëm vu Schoulkanner wärend hire Schoulaktivitéite genotzt ginn, an zwar vu méindes bis freides tëscht 08:00 an 18:00 Auer.

Privatpersounen dierfen sech weiderhin net do ophalen, an all aner Spillplaze bleiwe bis op Weideres fir jiddereen zou.


 

Publizéiert de 20. Mee 2020 : Reouverture vun der Gemengeverwaltung

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem deelt mat, dass d’Gemengeverwaltung vum Méinden, 25. Mee 2020 un erëm zu de gewinnten Auerzäite fir de Public op ass.

Am Gemengegebai muss jiddereen eng Schutzmask unhunn, an och d’Sécherheetsofstänn an d’Gestes barrières sinn anzehalen. Am Hall dierfe sech héchstens 5 Persoune mateneen ophalen, an an déi jeeweileg Büroen dierfe just Eenzelpersounen eran.

Rufft eis un op de 59 30 75 – 1 oder kontaktéiert eis iwwer E-Mail op mail@suessem.lu wann Dir weider Renseignementer braucht.


 

Publizéiert de 14. Mee 2020 : Maskeverdeelung

Vum Méinden, 25. Mee 2020 bis de Samschden, 30. Mee 2020 kënnt Dir Är 50 Schutzmasken (oder 2 Stoffmasken) op 4 verschidde Plazen an eiser Gemeng siche goen. Dir musst den Ziedel dobäi hunn, deen Dir vun der Regierung per Post geschéckt krut. Fir vulnerabel Persounen ass och eng Liwwerung méiglech.

Hei fannt dir all Informatiounen (Klickt!)


 

Publizéiert den 13. Mee 2020 : Ënnerstëtzung fir Entrepreneuren

Huet de Covid-19 en Impakt op d’Aktivitéite vun Ärer Entreprise? D’Chambre de Commerce an hiert House of Entrepreneurship stinn Iech mat hirer Expertise zur Säit an hëllefen Iech, déi néideg staatlech Hëllefen unzefroen.

Kuckt hiren Depliant (Klickt!) oder kontaktéiert si direkt iwwer Telefon um 42 39 39 445 oder iwwer E-Mail op covid19@houseofentrepreneurship.lu .


 

Publizéiert den 9. Mee 2020 : Phas 2 vum Deconfinement

Dëse Méinden, 11. Mee 2020 start d’Phas 2 vum Deconfinement zu Lëtzebuerg.

Ënner anerem Visitten Doheem vu maximal 6 Leit an Usammlungen ënner fräiem Himmel vu maximal 20 Leit op ëffentleche Plaze sinn dann erëm erlaabt, am strikte Respekt vun de sanitäre Mesuren an de Gestes barrières.

Erklärunge fannt Dir am offizielle Flyer (Klickt!) an Detailer zu den eenzele Mesuren, wéi z.B. ronderëm d’Butteker an de Sport, op der Internetsäit vun der Regierung ënner www.covid19.lu .


 

Publizéiert de 4. Mee 2020: Ënnerstëtzt déi lokal Restaurateuren

(Update vum Artikel vum 18. Mäerz 2020)

Am Kader vun de Präventiounsmesurë géint d’Ausbreedung vum Coronavirus hunn d’Restauranten an eiser Gemeng bis op Weideres zou. Hei drënner fannt Dir eng Lëscht vun deene Restaurateuren an der Gemeng Suessem, déi Iessen Heem liwweren oder bei déi Dir ee Plat kënnt siche goen (Takeaway):

Éilereng

  • Souvlaki The Original – 661 399 599 / 691 217 379 – Takeaway

Suessem

  • Dal Nigro – 26 59 01 90 – Takeaway + Liwwerung
  • Restaurant Champagne – 26 59 11 01 – Takeaway
  • Restaurant GU – 26 59 12 41 – Takeaway

Zolwer

  • Restaurant Cristal – 26 58 22 20 – Takeaway + Liwwerung, vu méindes bis samschdes, nëmme mëttes
  • El Barbaro – 26 59 48 48 – Takeaway + Liwwerung
  • Rosso Di Sera – 26 59 02 19 / 621 206 867 – Takeaway + Liwwerung
  • L’Angolo Divino – 26 59 06 25 – Takeaway + Liwwerung
  • ochocolats – 621 722 853 (mëttwochs an donneschdes nomëttes) / contact@ochocolats.lu – Liwwerung vun alle Commandë samschdes

Bieles

  • Free Time Café – 28 20 36 84 – Takeaway + Liwwerung,
  • Restaurant Ichiban – 28 79 83 38 – Takeaway, nëmmen owes (dënschdes zou)
  • Restaurant Pizzeria Orchidea – 26 56 06 89 – Takeaway + Liwwerung
  • La Rose de Chine – 59 16 24 – Takeaway
  • Fu Dou Lou – 26 59 05 27 – Takeaway

Belval

  • Nonna Nenette – 26 17 53 62 – Takeaway / Frësch Nuddele 24 Stonnen am viraus bestellen
  • Nonbe – 27 99 89 88 – Takeaway + Liwwerung, nëmmen owes

Feelt Äre Restaurant op dëser Lëscht? Da schéckt wgl. e Message u service.rpc@suessem.lu .


 

Publizéiert den 1. Mee 2020 : État civil

De Schäfferot huet decidéiert, d’Unzuel vu Leit bei den Zeremonië vum État civil folgendermoossen ze limitéieren:

  • Bei Hochzäite kënnen 20 Leit mat dobäi sinn, inklusiv der jonker Koppel.
  • Bei Partnerschafte kënnen 20 Leit mat dobäi sinn, inklusiv der Koppel.
  • Begriefnesser ginn an aller Intimitéit ofgehalen, mat engem Maximum vun 20 Leit.

D’Leit, déi bei dësen Zeremonië mat dobäi sinn, mussen sech obligatoresch un déi sanitär Bestëmmungen halen (ë.a. Distanz halen zu anere Mënschen). Dës Mesurë gëlle bis op Weideres.


 

Publizéiert de 27. Abrëll 2020 : Tester virum Schoulufank

D’Regierung huet decidéiert, alle Schüler an Enseignante vun den Ofschlossklassen, déi de 4. Mee nees mat der Schoul ufänken, d’Méiglechkeet ze ginn, sech gratis an op fräiwëlleger Basis op de Covid19-Virus testen ze loossen, an zwar vum 28. Abrëll 2020 un.

Hei ass Planning mat de Rendezvouse pro Lycée fir d’Schüler vun den Ofschlossklassen

Hei ass Planning mat de Rendezvouse pro Lycée fir d’Enseignante vun den Ofschlossklassen


 

Publizéiert den 23. Abrëll 2020 : Aschreiwung Maison Relais

D’Aschreiwungsdeeg vun der Maison Relais fir Dossieren ofzeginn hu missten ofgesot ginn. D’Inscriptioun leeft elo iwwer Korrespondenz. D’Dokumenter kënne bis den 23. Mee 2020 (Précoce) resp. bis den 12. Juni 2020 (Fondamental) erageschéckt ginn.

Hei fannt Dir alles am Detail (Klickt!)


 

Publizéiert den 19. Abrëll 2020 : Recyclingzenter

De SIVEC (Syndicat Intercommunal à Vocation Écologique) deelt mat, dass d’Dire vum Zenter vum Dënschden, 21. Abrëll 2020 un erëm op sinn, vun dënschdes bis samschdes tëscht 08.00 a 15.50 Auer. Dir fannt en op der Route de Bergem (CR 169) tëscht Schëffleng a Féiz.

Maximal Quantitéite pro Visitt

  • 1m3 fir fest Offäll
  • 30 Liter fir flësseg Offäll
  • Et dierf maximal 15 Minutte laang ofgeluede ginn

Op Rendez-vous kann een och méi grouss Quantitéiten Offall matbréngen. An deem Fall ka bis zu 30 Minutte laang ofgeluede ginn. Rufft un um 54 98 98 vu méindes bis freides vun 08.00 bis 12.00 Auer a vun 13.00 bis 17.00 Auer.

❗Et muss een eng personaliséiert an aktiv Kaart fir den Zougang dobäi hunn an eng Mask, e Schal oder soss e Schutz fir d’Gesiicht (Mond an Nues) unhunn.

D’Deplacementer an de Recyclingzenter an op d’Sammelplaze fir Gréngschnëtt sinn op e Minimum ze reduzéieren. Et sief dorunner erënnert, dass et strofbar ass, Offall op onerlaabte Plazen ze deponéieren. Dir sidd gebieden, esou mann wéi méiglech Offall ze produzéieren an dësen op déi normal Quantitéiten an Ärem Haushalt ze begrenzen.

Kuckt op www.sivec.lu fir weider Informatiounen.


 

Publizéiert de 17. Abrëll 2020 : Wéi benotzt een eng Mask?

D’Droe vun enger Mask oder all anerer Protektioun, déi et erlaabt Nues a Mond ze bedecken, gëtt fir all Situatioun recommandéiert, wou eng Distanz vun op d’mannst 2 Meter par rapport zu anere Leit net kann agehale ginn.

Hei ass e Video vun der Regierung, an Zesummenaarbecht mat der ALEM (Association Luxembourgeoise des Etudiants en Médecine), deen detailléiert Erklärunge gëtt.

Hei fannt Dir och nach d’Gebrauchsuweisung aus dem offizielle Flyer.


 

Publizéiert de 17. Abrëll 2020 : Verdeele vun de Masken

D’Gemeng Suessem deelt mat, datt d’Gemengepersonal amgaang ass déi chirurgesch Masken, déi d’Regierung eis zoukomme gelooss huet, anzepaken. An all Pak, dee fir eng Persoun geduecht ass, si 5 Maske mat enger Gebrauchsuweisung. D’Verdeele fänkt de Méinden, 20. Abrëll 2020 un an Dir kritt d’Päck an Är Bréifboîte.

Vun deem Dag u si Masken iwwerall do obligatoresch, wou eng Distanz vun op d’mannst 2 Meter zu anere Mënschen net ka garantéiert ginn. Mir bieden Iech, am Noutfall op e Schal, e Foulard oder e Buff zeréckzegräifen, respektiv op selwergemaachte Masken aus Stoff, fir Mond an Nues ze bedecken.

De Grondsaz “Bleift Doheem” ass nach ëmmer aktuell. Et soll ee sou mann wéi méiglech Kontakt mat anere Leit hunn.


 

Publizéiert de 16. Abrëll 2020 : Opruff

Dir kritt an den nächsten Deeg Detailer iwwer d’Verdeele vun de chirurgesche Maske vun der Regierung op Gemengenniveau. Zousätzlech zu dëse 5 Maske pro Kapp schaffe mir och un enger laangfristeger Léisung.

Mir siche Leit, déi nohalteg Masken aus Stoff bitze kënnen, sief et privat op benevoller Basis oder och professionell. Wann dir Iech als Néiesch oder Schneider un dëser Aktioun bedeelege wëllt, oder wann dir Stoff resp. Material zur Verfügung stelle kënnt, da mellt Iech:

🖥 service.rpc@suessem.lu
☎️ 59 30 75 612


 

Publizéiert de 15. Abrëll 2020 : Exit-Plang

(de 17. Abrëll 2020 aktualiséiert)

D’Regierung souz haut zesummen, fir déi nächst Schrëtt an der Lutte géint de Coronavirus ze decidéieren. Am spéiden Nomëtte gouf et um Pressebriefing Detailer dozou.

  • Allgemeng gëlt: et muss ee bei all Aktivitéit Sécherheetsmoossname respektéieren. Et soll een 2 Meter Distanz zu anere Mënschen anhalen, an do wou dat net méiglech ass respektiv am ëffentlechen Transport automatesch, ass eng Mask obligatoresch, déi de Mond an d’Nues schützen. Déi nächst Deeg soll d’Distributioun vu chirurgesche Masken op Gemengeniveau ufänken, mee och selwergebastelt Maske sinn eng Alternativ. Hei gëtt et Informatiounen zum Ëmgang mat Masken (Klickt!)
  • De Grondsaz “Bleift Doheem” ass och nach ëmmer aktuell. Et soll ee sou mann wéi méiglech Kontakt mat anere Leit hunn.
  • Déi éischt Exit-Phase fänkt de Méinden, 20. Abrëll un an dauert 3 Wochen. D’Chantiere ginn erëm op, pedagogesch Hëllefs- a Betreiungsaktivitéiten (ambulant Kanner- a Familljebetreiungsdéngschter, Offere vu spezialiséierte Kompetenzzentere fir pedagogesch Psychologie a Moossname fir d’Betreiung vu Schüler déi riskéieren d’Schoul ofzebriechen) lafen erëm un, genee wéi Aktivitéite vu Gäertner a Paysagiste. Geschäfter, deenen hir Haaptaktivitéit d’Handwierk (“bricolage”) betrëfft, ginn erëm op, genee wéi d’Recyclingzenteren.
  • De 4. Mee fänkt den Unterricht fir 1èren an 13èmen erëm un, an och d’Stagen an déi praktesch Aarbechten um Niveau vum BTS an der Uni. Den 11. Mee maachen d’Lycéeën erëm ganz op. De 25. Mee ass de Relancement vun de Grondschoulen, de Crèchen an de Betreiungsstrukturen.
  • D’Klasse wäerten ofwiesselnd gehale ginn. All Klass gëtt an zwee Gruppen agedeelt, souwuel am Fondamental wéi am Secondaire an an der Formation professionnelle. No enger Woch Cours schafft e Grupp d’Woch drop Doheem respektiv an enger Betreiungsstruktur. D’Enseignanten halen ëmmer zwou Wochen hannerteneen de selwechte Cours.
  • Donieft ginn an de Gebaier Mesuren en place gesat, fir den tëschemënschleche Kontakt op e Minimum ze reduzéieren, souwuel an de Gebaier wéi och beim Schopultransport. De Ministère wäert Schutzmasken zur Verfügung stellen, déi Nues a Mond bedecken, an dës sinn an de Coursen erlaabt, a wärend dem Transport esouguer obligatoresch. All Enseignant a Schüler kritt der zwou. D’Kantinne bleiwen zou, fir Kontakter tëscht verschiddene Gruppen z’evitéieren, an och d’Pause ginn deementspriechend organiséiert. D’Schoulhoraire ginn och kompriméiert, zum Beispill am Fondamental.
  • A spéideren Etappe kënnt dann de Relancement vun den Aktivitéite vun de Geschäfter an dem Horesca-Secteur no. Et ass der Regierung no elo awer nach ze fréi, fir eppes Genaues iwwer d’Ophiewe vun de Restriktiounen an dësem Secteur ze soen. Eng definitiv Decisioun gëtt vum Regierungsrot geholl wann de Moment do ass an d’Analys vun der Situatioun et erlaabt.
  • Versammlungen a gréisser Manifestatioune si bis den 31. Juli verbueden, mat Ausnaam vu Begriefnisser an zivilen Hochzäiten, déi just erlaabt sinn, wann net méi wéi 20 Leit deelhuelen, an ënnert der Konditioun, dass den tëschemënschleche Mindestofstand vun 2 Meter agehale gëtt.
  • Dës Mesurë gi reegelméisseg vun der Regierung iwwerpréift a kënnen änneren.

 

Publizéiert de 15. Abrëll 2020 : Gemengerot

D’Sitzung vum 15. Abrëll gouf iwwer Videokonferenz gehalen. Et gouf ënner anerem en Iwwerbléck vun de Mesuren, déi d’Gemeng am Kader vum COVID-19 geholl huet an och en Abléck an d’Situatioun am CIPA.

Hei fannt Dir d’Séance am Replay!


 

Publizéiert de 14. Abrëll 2020 : Gewalt am Stot

Kee Mënsch soll doheem Gewalt mussen erliewen, och net an Zäite vum Confinement! 5 Associatiounen hunn haut mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Égalité eng Helpline lancéiert.

☎️ 2060 1060
🖥 info@helpline-violence.lu

Hei gëtt et all Dag vun 12.00 bis 20.00 Auer professionell Hëllef, an d’Anonymitéit ass garantéiert. Den Affer gëtt nogelauschtert, si ginn ënnerstëtzt an orientéiert.


 

Publizéiert den 8. Abrëll 2020 : Chèque-service

D’Kontrakter fir de Chèque-service déi oflafe sinn automatesch bis den 3. Mee 2020 erneiert ginn.

Fir en ze groussen Undrang an eisem Service am Mount Mee z’evitéieren, kënnt Dir elo schonn Är Demande fir e Renouvellement mat de gefrotenen Dokumenter eraschécken op d’E-Mail Adress cheques.service@suessem.lu .

Dës ginn esou séier wéi méiglech traitéiert.


 

Publizéiert de 6. Abrëll 2020 : Mir lauschteren Iech no!

Duerch d’Mesurë géint d’Verbreede vum Coronavirus ass een am Moment vill eleng. Wann Dir als Senior Kontakt sicht an einfach emol Loscht hutt fir e bëssen ze poteren, dann zéckt net a rufft un um

☎️ 59 30 75 100

D’Mataarbechter vun de soziale Servicer vun der Gemeng Suessem freeë sech iwwer Ären Uruff, vu méindes bis freides vun 08:00 bis 12:00 a vun 13:00 bis 16:00 Auer.

Merci fir dëse Message u betraffe Leit weiderzeginn.


 

Publizéiert den 1. Abrëll 2020: Schoulen, Maison Relais a Crèchë bis de 4. Mee zou

Opgrond vun de villen neien Infektioune mam COVID-19 zu Lëtzebuerg an enger Reevaluatioun vun der Direktioun vun der Santé, huet d’Regierung decidéiert de Schoul- an Edukatiounssekteur bis de 4. Mee rouen ze loossen. Dës Decisioun betrëfft sämtlech ëffentlech a privat Schoulen an Ausbildunge souwéi och d’Structures d’accueil.

D’Direktioun vun der Santé hält d’Situatioun dauernd am A, sou dass d’Reprise vun de Coursë jidderzäit adaptéiert ka ginn.


 

Publizéiert den 1. Abrëll 2020 : Gesondheet

    Bei gesondheetleche Problemer kënnt Dir:
  • op den 112 uruffe wann et urgent ass
  • bei Problemer mat den Zänn op den 8002 8080 uruffen, fir bei de Service de garde weidergeleet ze ginn
  • Äre Generalist uruffen
  • op econsult.esante.lu kucke goe fir eng Téléconsultatioun
  • an de Centre de soins avancés (CSA) an d’Rockhal goen, fir Iech ënnersichen ze loossen, all Dag vun 8 bis 20 Auer

Wann Dir zur Risikogrupp gehéiert, da wgl. NET an de Centre de soins avancés goen!

Wann Dir Iech an der aktueller Situatioun Suerge maacht, Iech net wuel fillt oder Angschtzoustänn hutt, da kritt Dir gratis, méisproocheg psychologesch Ënnerstëtzung vu qualifizéierte Leit, all Dag vu 7 bis 23 Auer op der Hotline 8002 8080.

All wichteg Informatioune fannt Dir zousätzlech op www.covid19.lu .


 

Publizéiert de 30. Mäerz 2020 : Recyclage

Fir de mënschleche Kontakt an der aktueller Situatioun ze limitéieren, bleiwen d’Recycling-Zentren an d’Sammelplaze fir Gréngschnëtt bis op Weideres zou. D’Offallgestioun fonctionéiert weiderhi mat hire wesentleche Servicer, d.h. dem Eidelmaache vun der Haushalts-, Pabeier-, Glas- a grénger Dreckskëscht, souwéi dem Asammele vun de Valorlux-Tuten. Dir sidd wgl. gebieden, sou mann ewéi méiglech Knascht ze produzéieren.

Et sief dorunner erënnert, dass et strofbar ass, Offall op onerlaabte Plazen ze deponéieren.

Vun haut u kënnt Dir Är blo Valorlux-Tuten online bestellen op www.valorlux.lu an der Rubrik “shop”. Dir musst just e Konnt kreéieren a pro Commande kënnt Dir 1 Rouleau mat 20 Tute bestellen, dee gratis Heem geliwwert gëtt. De Planning vun der Kollekte ännert net.


 

Publizéiert de 24. Mäerz 2020 : Offallgestioun

Opgrond vun enger Rei Ufroe vun eise Bierger wollte mir Iech versécheren, dass Är Dréckskëschten (gro, blo, brong, gréng souwéi d’Valorlux-Tuuten) bis op Weideres wéi gewinnt eidel gemaach ginn. Falls sech eppes dorun ännert, soe mir Iech selbstverständlech direkt Bescheed.

Hei fannt Dir den Offallkalenner


 

Publizéiert den 21. Mäerz 2020 : Adaptatiounen am Transport

TICE
Wéinst de Recommandatioune vun der Regierung, déi individuell Deplacementer massiv ze bremsen, wäert de Syndicat intercommunal de transport public TICE säin ëffentlechen Transport sonndes an op Feierdeeg vum 22. Mäerz 2020 un a bis op Weideres net méi assuréieren.

Vum Méinden 23. Mäerz 2020 u fueren d’Bus-Linnen 1, 2, 4, 5 a 7 an enger éischter Phase am 30-Minutten Takt. Den Horaire fannt Dir op www.tice.lu an op www.mobiliteit.lu.

Fir all weider Renseignementer kënnt dir op den Telefon 57 42 32 – 991 uruffen. Et ass och méiglech Kontakt iwwer E-Mail opzehuelen.

Vergiesst net:
D’Eran- an Erausklammen ass vir bei der Chauffeursdir vum Bus net méi erlaabt. Aus Gesondheets- a Sécherheetsgrënn sollt Dir hannen eraklammen. D’Chauffeurskabinn ass fir Passagéiere blockéiert fir d’Interaktiounen op e Minimum ze beschränken.

Vël’OK
D’Partnergemengen hunn decidéiert, fir de Vël’OK Service bis op Weideres ze suspendéieren.


 

Publizéiert den 19. Mäerz 2020: Règlement grand-ducal portant introduction d’une série de mesures dans le cadre de la lutte contre le Covid-19

Hei fannt Dir d’Règlement grand-ducal, dat säit dem 18. Mäerz 2020 a Kraaft ass.

Am éischten Artikel “Limitation de déplacement pour le public” ass kloer ugefouert fir wéi eng Ursaachen Dir Äert Doheem nach dierft verloossen an a wéi enger Form.

Aktivitéiten dobaussen alleng oder zu e puer Leit, déi an engem Haushalt liewen, sinn nach erlaabt. Dëst awer just, wa si sech net mat anere Leit versammelen an eng Distanz vun zwee Meter zu anere Leit halen.


 

Publizéiert de 18. Mäerz 2020: Mesuren op administrativem Niveau

(den 6. Abrëll 2020 aktualiséiert)

Fir d’Ausbreedung vum Coronavirus souwäit wéi nëmme méiglech ze bremsen, huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem folgend Entscheedunge respektiv Recommandatioune matzedeelen:

  • D’Gemeng ass bis op Weideres nëmmen op Rendez-vous op. All administrativ oder technesch Froe si wa méiglech u mail@suessem.lu ze riichten oder per Telefon um 59 30 75 – 1 ze klären.
  • De Populatiounsbureau ass um Telefon 59 30 75 690 oder iwwer E-Mail op population@suessem.lu z’erreechen. Am Moment stellt d’Gemeng Suessem keng Päss a Cartes d’identité aus. Wann Dir dréngend e Pass braucht, dann adresséiert Iech direkt un de Bureau des passeports, visas et légalisations (BPVL-MAEE), 6 rue de l’Ancien Athénée, L-1144 Luxembourg oder rufft un um 2478-8300. Wann dir dréngend eng Carte d’identité braucht, dann adresséiert Iech direkt un de Centre des technologies de l’information de l’Etat (CTIE) – Demandes de carte d’identité, 11 rue Notre-Dame, L-2240 Luxembourg oder rufft un um Helpdesk vu Guichet.lu um 247 82000, an zwar vu méindes bis freides vun 08.30 bis 12.30 Auer.
  • Den État civil ass fir all Froen op der Permanencenummer 621 277 227 oder iwwer E-Mail op etat.civil@suessem.lu z’erreechen. Rendez-vouse gëtt et nëmme fir déclarations de décès oder déclarations de naissance. Bei Stierffäll gëtt nëmmen de Vertrieder vun de Pompes funèbres um Rendez-vous empfaangen, kee vun der Famill. Bei Begriefnisser ass nëmmen déi ganz no Famill um Kierfecht zougelooss, mat engem Maximum vu 6 Leit an der Morgue. Déi aner Leit musse virun der Morgue bleiwen an hire Sécherheetsofstand anhalen.
  • Déi programméiert Hochzäiten op der Gemeng gi bäibehalen, mat engem Maximum vu 6 Leit, déi un der Zeremonie deelhuelen.
  • De Schoulservice ass op der Nummer 621 372 842 oder iwwer E-Mail op service.scolaire@suessem.lu z’erreechen.
  • All d’Gemengeservicë kënnen iwwer E-mail kontaktéiert ginn, respektiv iwwert de Kontaktformular an eisem Online-Annuaire.
  • All d’Servicer vun der Maison Relais, och d’Verwaltung, hunn zou. Schéckt wgl. Dokumenter, Zertificaten a Pabeieren um Postwee (Maison Relais de la Commune de Sanem, 6 rue Jean Anen, L-4413 Soleuvre) oder per Mail op contact@maison-relais-sanem.lu. Weider Informatioune kritt Dir per Telefon um 26 59 12 28 oder iwwer Mail
  • Donieft si sämtlech Gemengegebaier (Sportshalen, Proufsäll, Versammlungsraim, asw.) fir de Public zou.
  • Des Weidere si sämtlech Evenementer, Manifestatiounen, Coursen a Reuniounen (kulturell, sportlech, asw.) an nächster Zäit <ofgesot.

Dës Mesurë gëlle bis op Weideres.


 

Publizéiert de 17. Mäerz 2020: Ëffentlech Plazen zou

Am Kader vun de Consignen a Mesurë vun der Regierung fir d’Ausbreedung vum Coronavirus souwäit wéi nëmme méiglech ze bremsen, huet de Schäfferot vun der Gemeng Suessem decidéiert, dass den Openthalt op Spillplazen, Sportsterrainen, Schoulhäff an allen aneren ëffentleche Plazen an der Gemeng Suessem fir déi nächst Zäit verbueden ass.

Mir soen Iech Merci fir Äert Versteesdemech.


 

Publizéiert de 16. Mäerz 2020: Aktioun Solidaritéit+

(den 20. Mäerz 2020 aktualiséiert)

Fir eisen eeleren an/oder vulnerable Matbierger an der aktueller Situatioun ënnert d’Äerm ze gräifen, bitt de Schäfferot vun der Gemeng Suessem, zesumme mam Service Senior+, an deenen nächste Woche folgend gratis Servicer un:

  • D’Erleedege vu klenge Kommissiounen (a lokale Geschäfter)
  • De Gang an d’Apdikt
  • Spadséiergäng mat Ärem Hond

Wann Dir wëllt vun dëser Offer profitéieren, da rufft moies tëscht 08.30 an 11.30 Auer um Telefon vum Service Senior+ ënnert der Nummer 621 96 44 21 un. Dëse Service riicht sech exklusiv u Leit iwwer 65 Joer oder u vulnerabel Leit.

Am Normalfall ginn Är Optreeg nach de selwechten Dag erleedegt. D’Gemeng Suessem schéckt Iech mat der Post eng Rechnung vun den Akeef.

Selbstverständlech gi bei der Liwwerung sämtlech Consignë respektéiert fir de Virus net ze verbreeden.

Och d’Regierung huet esou en Déngscht ageriicht. Weider Informatioune fannt dir ënnert corona.letzshop.lu oder iwwert d’Hotline 8002 92 92.


 

Publizéiert den 13. Mäerz 2020: Informatiounen iwwer verluechten oder ofgesote Manifestatiounen an der Gemeng

(den 20. Mäerz 2020 aktualiséiert)

D’Gemeng Suessem deelt mat, dass am Kontext vum Covid-19 sämtlech Evenementer, Manifestatiounen, Coursen a Reuniounen (kulturell, sportlech, asw.) an nächster Zäit ofgesot sinn:

Artikuss

18. Mäerz 2020 – Klaus Hoffmann singt Brel (neien Datum 28. November 2020 – Tickete behalen hir Gültegkeet)

21. Mäerz 2020 – 40 Joer Big Band Spectrum

31. Mäerz 2020 – Fréier wor alles…(neien Datum 02. Oktober 2020 – Tickete behalen hir Gültegkeet)

02. Abrëll 2020 – Sportleréierung Gemeng Suessem

Fir en Ticket rembourséiert ze kréien: 47 08 95 – 1 (Luxembourgticket)

Suessemer Schlass

12. Abrëll 2020 – Ouschtereeërsich

CIPA Résidence op der Wassertrap

15. Mäerz 2020 – Thé Dansant

29. Mäerz 2020 – Ouschterbasar

Visitten an de Spideeler an an den Alters- a Fleegeheemer si bis op Weideres verbueden.

aktiv! Aktivitéite fir all Alter

D’Owescoursë (Sport, Fräizäit a Sproochen) vun der Gemeng Suessem si bis op Weideres ofgesot.

Télévie

Den Télévie Dag, virgesi fir samschdes, de 25. Abrëll 2020, ass viraussichtlech op samschdes, de 05. September 2020 verluecht.

Club Prënzebierg

De Club Senior Prënzebierg bleift mindestens bis den 19 Abrëll 2020 fir all Aktivitéit zou. Och d’AG den 02. Abrëll 2020 fält aus.

Veräinsliewen / Evenementer

29. Mäerz 2020 – Trëppeltour vun der Integratiounskommissioun

Sämtlech Evenementer, Manifestatiounen, Coursen a Reuniounen (kulturell, sportlech, asw.) sinn an nächster Zäit ofgesot.

Dës Mesure gëllt an enger éischter Phase bis den 28. Mäerz 2020.

Police

D’Police-Bureauen zu Bieles an zu Déifferdeng si fir de Public zou. D’Bierger si gebiede sech beim Commissariat Esch / Esch Centre um Telefon 24 450 1000 ze mellen, respektiv op Police.lu am E-Kommissariat oder um 113.