Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les informations recueillies sur ce formulaire font l'objet d'un traitement par la Commune de Sanem afin de mener à bien votre demande et conformément au règlement général sur la protection de données, le Règlement (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

Posts By: daniel

Suessem géint Rassismus an Diskriminatioun

Ronderëm de Globus protestéieren d’Leit géint Rassismus. Black Lives Matter, Stop Racism, Justice for George Floyd sinn nëmmen e puer vun de Sloganen, déi een all Dag ka gesinn. D’Lescht Woch huet d’Gemeng Suessem sech dem Opruff zum Blackout Tuesday ugeschloss fir en Zeeche géint Rassismus ze setzen. An dem Sënn konnt dir op dësem Dag en donkelgrot Häerz op schwaarzem Hannergrond Profil- an Titelbild op der Facebooksäit vun der Gemeng gesinn.

D’Biller, déi eis aus Amerika erreechen, sollen eis och zum nodenke kréien, wéi et bei eis an Europa an zu Lëtzebuerg ausgesäit. 2018 gouf schonn eng Studie vun der European Union Agency for Fundamental Rights (FRA) iwwer Being Black in the EU gefouert. Hei koum eraus, dass sech 52% vun de Leit mat schwaarzer Hautfaarf hei zu Lëtzebuerg am Laf vun de 5 Joer virun der Ëmfro diskriminéiert gespuert hunn.

„Hei zu Lëtzebuerg gëtt et e latente Rassismus, an et gëllt an Zäite vun der Kris nach méi vigilent ze sinn.“, esou d’Schäffin fir d’Chancëgläichheet an Diversitéit Nathalie Morgenthaler.

D’Gemeng Suessem setzt sech géint Diskriminatioun an. Zanter 2017 krut de Service à l’Égalité des chances de Volet Diversitéit bäigesat, well jidderee gläich gestalt sollt ginn, sief et Leit mat verschiddenen Originne, Mënsche mat enger Behënnerung oder d’LGBT+ Communautéit. Zudeem ass d’Gemeng Suessem zanter 2018 Signataire bei der Charte de la Diversité. An dësem Kader ginn all Joer verschidden intern an extern Sensibiliséierungsaktiounen organiséiert, wéi beispillsweis de Schoulprojet Zesumme si mir staark. D’Objektiv vun dësem Projet ass et, d’Stereotyppen ëm d’Theme vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit ofzebauen oder verschiddener beschtefalls net opkommen ze loossen. Wat den interne Volet betrëfft, sou gi verschidde Formatioune fir d’Gemengepersonal organiséiert, déi Theme wéi Diskriminéierung oder den Accueil vu Mënsche mat enger Behënnerung betreffen. Natierlech ass d’Gemeng Suessem beméit, nei Sensibilisatiounsaktivitéiten ze lancéieren.

Falls een Zil oder Zeie vu rassistescher Diskriminatioun gëtt, da soll een dorobber reagéieren an dorop hiweisen, dass et falsch ass. D’Nathalie Morgenthaler erkläert: „Jidderee misst eigentlech an der Responsabilitéit stoe fir eppes géint Rassismus z‘ënnerhuelen, a mir als Gemeng sollen heifir eng Virbildroll iwwerhuelen.“


Service à l’Égalité des chances et Diversité:

Annick Spellini
Tel : 59 30 77 – 654
Email : annick.spellini@suessem.lu

Den Eichenprozessionsspinner ass erëm do

Den Eichenprozessionsspinner (Thaumetopoea processionea) huet sech an der Gemeng Suessem zeréckgemellt. Et si Raupen, déi sech a grousse Gruppen hannerteneen am Stil vun enger Pressessioun beweegen. An hiren Näschter, déi op Eechen ze fanne sinn, sinn honnerte Raupen dran, déi a laang, dënn Hoer agewéckelt sinn.

D’Gemengeservicer sinn am Gaang, déi betraffe Plazen ze botzen an ofzesécheren. Op dëse Plaze ginn och Schëlder opgestallt.

D’Larve vun dëser Päiperlékszort befale virun allem Eechen a sinn eng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch. An de Brennhoer vun de Raupen, déi liicht eroffalen, ass e Gëft dran, dat bei Mënsch an Déier allergesch Reaktioune kann ausléisen. D’Hoer kënnen duerch d’Loft weider gedroe ginn an dacks nach Méint oder Joren an der Natur ronderëm verbleiwen.

Weider Informatiounen, wéi Opklärungs- a Schutzmoossnamen, fannt Dir am Depliant vum Gesondheetsministère an dem fréiere Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur.

Coronavirus

Bleift au courant wat d’Mesurë géint d’Verbreedung vum Coronavirus an der Gemeng Suessem ugeet mam Info-Ticker, dee reegelméisseg aktualiséiert gëtt. Klickt op d’Bild!
 

 
 

Aweiung “Mind the Brain”

De Freiden, 28. Februar 2020 war ëm 14.00 Auer am Parc “Um Belval” d’Inauguratioun vun der Skulptur vum Marc Pierrard, déi am Kader vum 10ten Anniversaire vum Luxembourg Centre for Systems Biomedicine vun der Uni Lëtzebuerg entstanen ass. D’Skulptur, déi 2 Meter héich ass an 1,6 Tonne weit, stoung fir d’Rentrée dräi Woche laang an der Stad Lëtzebuerg virun der Kathedral, éier si elo hir definitiv Plaz um Belval fonnt huet. Dat grot Gehier aus waasser- a feierresistenter Glasfaser ass eent vun 10 Stéck, déi vu Lëtzebuerger Kënschtler personaliséiert goufen, allkéiers mat engem Recherche-Domaine als Ophänkert.

De Marc Pierrard wëll mat senger Konscht virun allem eppes kommunizéieren: den Zweiwel. „Et soll een am Liewe méi wäit siche goen an net ëmmer op der éischter Impressioun hänke bleiwen. Konscht kann dat bewierken.“. Den Direkter vum LCSB Rudi Balling huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir e puer Wierder un d’Invitéen z’adresséieren, genee wéi de Marc Pierrard an d’Schäffin vun der Gemeng Suessem Simone Asselborn-Bintz, déi dem LCSB fir déi flott Initiative felicitéiert huet.

D’Hallschent vum Erléis vum Verkaf vun den 10 Skulpture fléisst an e Recherche-Projet vum Professer Enrico Glaab, bei deem fréizäiteg Ännerungen an den Zellen um Ufank vun der Parkinson Krankheet ënnersicht ginn. Am Luxembourg Centre for Systems Biomedicine (LCSB) leeft d‘Recherche interdisziplinär, well eng Bréck tëscht der Biologie an der Medezin geschloe soll ginn.

Weider Informatiounen zum Kënschtler an zum Wierk
 









Ëmweltwoch

Nodeems d’Gemeng Suessem Enn 2019 d’Klimakris ausgeruff huet, befaasst sech d’Ëmweltwoch vum 24. bis den 29. Februar 2020 mam nohaltegen Akleeden. Déi weltwäit Kleederproduktioun stéisst méi CO2 pro Joer aus wéi de Fliger- a Schëffsverkéier zesummen. Kleeder sinn haut bëlleg ze kréien an esou kuerzlieweg a problematesch wéi Eewee-Plastik. Och d’Isolatioun vu Gebaier ass jee no Material problematesch. Dat bezitt sech op d’Produktioun an op de Recyclage.

D’Gemeng Suessem wëll op d’Mëssstänn opmierksam maachen an Alternativen opweise mat Konferenz, Table Ronde, Workshops a weideren Evenementer. All Veräin, all Bierger, all Eenzele vun eis kann eppes maachen, andeems d’Gewunnechte geännert ginn.

Hei fannt Dir den detailléierte Programm
 

Stuermwarnung

Fir d’Nuecht vum 9. op den 10. Februar tëscht 01.00 an 09.00 Auer huet Meteolux eng Alerte Rouge ugekënnegt.

Evitéiert Deplacementer dobaussen, loosst keng Saache bausse stoen (keng Valorlux-Tournée dëse Méinden!) déi kéinte fortgeblose ginn a limitéiert Är Telefonsuriff op Urgencen um 112.

D’Schüler aus den ëffentleche Schoule sinn um Méinden 10. Februar entschëllegt, wa se net sollten an d’Schoul goen. D’Schoule bleiwen awer op, an et gëtt och e Service d’Accueil assuréiert. D’Maison Relais huet wéi gewinnt op, virun an no der Schoul.

Verfollegt d’Aktualitéit an de Medie fir déi neisten Entwécklungen. Villmools Merci fir Äre Versteesdemech!
 

100. Gebuertsdag zu Bieles

A Präsenz vun der Familljeministesch Corinne Cahen a vum Schäfferot vun der Gemeng Suessem gouf de Mëttwoch, 8. Januar 2020 den 100. Gebuertsdag vun der Mme Yvonne Baustert-Bourkel gefeiert, déi schonn hir Kandheet zu Bieles verbruecht huet. Si krut den “ordre de mérite” iwwerreecht a Gléckwënsch gouf et ënner anerem vum Groussherzoglechen Haff.









Gewënner vum Concours “Fokus”

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem an d’Kulturkommissioun hunn de Freiden, 13. Dezember 2019 um faire Wantermaart am Boulodrome zu Bieles dem Gewënner vum Concours “Fokus” gratuléiert. Dem Armand Bartocci seng Foto kënnt op déi offiziell Gléckwonschkaart 2020 vun der Gemeng, déi an den nächste Woche verschéckt gëtt, och op digitalem Wee. An hie krut e flotte Kado als Belounung.
 

 
D’Participanten waren opgefuerdert, bis den 31. Oktober 2019 hir ganz perséinlech Schätz aus der Gemeng am Bild festzehalen, an zwar mat maximal 3 Fotoen. Dono huet een onofhängege Jury déi schéinste Foto erausgesicht.

Politesche Wiessel am Schäfferot

De Freiden, 29. November 2019 gouf de Mike Lorang (CSV) am Inneministär offiziell als Schäffe vun der Gemeng Suessem vereedegt. Hie sëtzt zanter de Wale vun 1999 am Suessemer Gemengerot a gouf an dëser Funktion 2005, 2011 an 2017 bestätegt. Seng Ressorte si Mobilitéit, Personal vun der Administratioun an dem Service Technique, Ëffentlech Plazen a Gréngflächen, Gesondheet, Tourismus, Fester, Mäert an ëffentlech Manifestatiounen, Jugend a Jumelage.

© Ministère de l’Intérieur
De Mike Lorang iwwerhëlt domat de Poste vum Marco Goelhausen (LSAP), dee 14 Joer laang Schäffe war an am Gemengerot vum 15. November 2019 seng Demissioun annoncéiert huet, sou wéi et am Koalitiounsaccord virun 2 Joer festgehale gi war. Hie bleift awer weider Conseiller, eng Funktioun déi hien Enn 2001 eng éischte Kéier iwwerholl hat.
 

 

Depressioun: Manner Virurteeler, méi Fakten

Wat an der Fiktioun konkret kann duergestallt ginn, ass an der Realitéit dacks wesentlech méi komplex. D’Schrëftstellerin J. K. Rowling huet an den Harry Potter-Bänn beispillsweis hiert perséinlecht Erliefnis vun enger Depressioun an de Monsteren, déi Dementore genannt ginn, visualiséiert. Sinn déi magesch Monsteren no bäi, empfënnt ee keng Freed méi, et gefréiert alles an et gesäit ee just nach dat Schlëmmst. An de Bicher kënnen d’Protagonisten e Patronus beschwieren, deen e magesche Schutz billt an den Dementor ofwiert. An der Realitéit ass dëst méi schwiereg, schonn eleng well d’Erkenne vun enger Depressioun net esou einfach ass.

Ganz ënnen op dëser Säit fannt Dir d’Krittäre vun der Depressioun, wéi se vun der World Health Organization (WHO) an der Classification Internationale des Maladies (CIM) festgehale goufen.
 

 
Déi meescht vun eis hunn eng ongeféier Anung dovun, wat eng Depressioun ass. Allerdéngs fält et deene meeschte vun eis schwéier se bei sech selwer z’erkennen. D’Dr. Elisabeth Seimetz vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale ASBL erkläert: „Dacks erkennen d’Leit den Zesummenhang vun de Symptomer net. Zum Beispill – ech schlofen net gutt, hu Kappwéi, et geet mir net gutt… mee ech gesinn net, dass dat alles eppes mateneen ze dinn huet. Et kann dee Moment schonn eng Krankheet sinn, ouni dass een et selwer realiséiert. Wann d’Leit da bei den Hausdokter ginn, soen se just, dass si déi ganzen Zäite Kappwéi hunn, an iwwer de Rescht gëtt net geschwat.

Am Géigesaz zu deem wat ee gäre gleeft, ass d’Depressioun effektiv als richteg Krankheet unerkannt, déi hier Ursaachen, Symptomer a Behandlungsméiglechkeeten huet. D’Dr. Elisabeth Seimetz betount: „Et ass kee Virurteel, mee e Fakt.
 

 
No Schätzunge vun der WHO sinn em déi 5% vun der lëtzebuergescher Populatioun pro Joer vun enger Depressioun betraff, d.h. 20.000 Fraen an 10.000 Männer. Et dierf een net generaliséieren a behaapten, dass et sech haaptsächlech ëm eng Fraekränkt géif handelen. Eng Depressioun huet vill Facetten a ka sech bei jidderengem anescht weisen. „Et kënnt vir, dass Männer alt emol an der Depressioun méi reizbar sinn. ‚Et ka virkommen‘ heescht awer net, dass dat bei all Mann esou ass. Dat anert ass, dass Männer zum Beispill éischter zur Sucht tendéieren, Alkoholiker ginn, wat allerdéngs och nees Depressiounen ausléise kann, déi dann dacks manner gutt erkannt ginn“, esou d’Dr. Elisabeth Seimetz.

An anere Wierder: Depressioun ka verschidde Formen unhuelen. Wat kann en Auswee aus der Depressioun sinn? Jidderee kann hei eng wichteg begleedend Roll spillen. D’Dr. Elisabeth Seimetz réit: „D’Persoun soll net eleng gelooss ginn, och wann d’Persoun seet ‘Ech brauch keng Hëllef! Looss mech mat Rou!’. Am Réckbléck soe betraffe Leit duerno nämlech, dat Schlëmmst wier gewiescht, dass keen si méi gefrot hätt. Natierlech ass et als no stoend Persoun schwéier, an dofir ass et och wichteg esou séier ewéi méiglech ze kucken, dass Professioneller involvéiert ginn.
 

 
Symptomer vun enger Depressioun

Sicht d’Gespréich mat ärem Hausdokter oder enger Struktur wéi der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale, wann Dir op d’mannst 5 vun de folgende Symptomer hutt, woubäi och ee vun den zwee Éischtgenannten dobäi muss sinn:

• Depressiv Stëmmung (traureg, eidel, hoffnungslos)
• Keen Interessi oder Pleséier méi

• Keen Appetit oder méi Appetit wéi soss
• Schlofstéierungen
• Psychomotoresch Agitatioun oder Ralentissement
• Middegkeet oder Energieverloscht
• Sech schëlleg a sech wäertlos spieren
• Konzentratiounsschwieregkeeten an Opmierksamkeetsstéierungen
• Gedanken un den Doud oder Selbstmord

D’Unzuel an d’Intensitéit vun de Symptomer kënnen ënnerschiddlech sinn. Et schwätzt ee vun Depressioun, wann d’Symptomer quasi de ganzen Dag wärend op d’mannst 2 Wochen undaueren.

Fir méi Informatiounen iwwer d’Depressioun an eng detailléiert Lëscht vun den Informatiounsservicer a Strukturen, wou een Hëllef kritt, kënnt Dir op www.prevention-depression.lu fannen oder de Service Information et Prévention vun der Ligue um Telefon 45 55 33 uruffen.

(Source: Depliant ‚La dépression: parlons-en‘ vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale a vum Ministère de la Santé)

Wien huet Angscht virum Urolog?

De Schnurres steet dëse Mount, dem sougenannte Movember, am Fokus an eiser Gemeng. Movember setzt sech aus de Wierder Moustache an November zesummen. D’Aktioun kënnt aus Australien an huet e seriöen Hannergrond. D’Zil ass et, op d’Männergesondheet opmierksam ze maachen, a méi genee op Prostate- an Hodekriibs, esou ewéi op mental Gesondheet a Suizidpräventioun. Suivéiert d’Gemeng Suessem op Facebook fir weider Informatiounen zum Thema.
 

 
Wéi de Broschtkriibs den heefegste Kriibs bei der Fra ass, esou ass de Prostate-Kriibs dee mat Ofstand heefegste Kriibs beim Mann. Pro Joer gi bis zu 400 nei Fäll zu Lëtzebuerg fonnt, an ongeféier 50 Männer stierwen dorunner. Vun deene sinn zwee Drëttel iwwer 80 Joer al, wat allerdéngs net heesche soll, dass een sech als jonke Mann keng Gedanken driwwer maache soll.

Den Urolog Dr. Patrick Krombach explizéiert: “Een, dee mir wëllen heelen, sou datt en ni méi a sengem Liewe wäert e Problem hunn, bei deem ass et am interessantsten, mir fannen de Prostate-Kriibs ganz fréi. Epidemiologesch gesinn ass et am Fong vill méi wichteg, dass een tëschent 50 a 70 Joer bei den Urolog geet, wéi no 70.

A ganz seelene Fäll, wann et sech ëm genetesche Prostate-Kriibs handelt, dee ganz aggressiv ka sinn, sollt ee scho virdrun d’Gespréich mam Hausdokter oder engem Urolog sichen. Eng kleng Recherche um Internet oder am Telefonsbuch geet duer, fir och an Ärer Géigend de richtegen Uspriechpartner ze fannen.
 

 
Et geet duer, dass de Prostate-Kriibs fréi genuch entdeckt gëtt, fir dass d’Persoun duerno net muss massiv u Liewensqualitéit bezuelen. Dann huet et sech scho gelount”, esou den Dr. Krombach.

Zudeem ass d’Untersuchung net esou schlëmm, wéi een sech dat eventuell virstellt. Normalerweis ginn d’Männer ëm déi 50 Joer vum Hausdokter bei den Urolog an d’Kontroll geschéckt. Virum eigentleche Rendezvous gëtt nach eng Bluttanalyse gemaach, fir de PSA-Wäert ze testen. PSA steet fir e Prostate Specific Antigen, e Protein, deen an den Zelle vun der Prostate gebillt gëtt.

Den Dr. Krombach erkläert weider: “Bei der éischter Untersuchung gëtt et e Gespréich, an deem d’Wäerter vum PSA-Test gekuckt an eventuell Symptomer beschwat ginn. Duerno kënnt eng klinesch Untersuchung, mam Ertaaschte vun der Prostate an engem Ultraschall vum Bauch. Sollt e Verdacht virleien, gëtt och nach en Ultraschall vun der Prostate iwwert den Enddaarm gemaach, well een d’Organer do ganz gutt gesäit.

Natierlech gëtt et méi Agreabeles ewéi eng Untersuchung beim Urolog, mee deen Eenzegen, deen Angscht virun dësem Rendezvous sollt hunn, ass de Prostate-Kriibs.
 

Benevolat am Foyer Dickskopp

“Joffer, kënns de haut spillen?”

D’Nadia Flamini brauch nëmme laanscht de Foyer Dickskopp ze spadséieren, scho kommen d’Kanner aus der Struktur fir Demandeurs de Protection Internationale bei si gelaf. Deen häerzlechen Empfang kënnt net vun ongeféier.

Si ass ee vun de Benevollen, déi bei d’Refugiéeën op Zolwer kommen a flott Aktivitéite fir déi Kleng tëscht 4 an 12 Joer organiséieren. Nach haut schwätzen d’Däbbesse vum Intefëschen op der Terrass virun e puer Méint.
 

„Si setze sech dohinner a kënne sech stonnelaang mat eppes beschäftegen. Et ass eng eenzeg Freed ze gesinn, wéi si sech entwéckelen“, sou déi engagéiert Fra, déi zanter engem Joer dobäi ass an duerch en Depliant vun der Gemeng drop opmierksam gouf. Genee wéi d‘Christiane Kler, déi nom Doud vun hirem Mann op eemol vill Zäit hat.

„An hire Kulturen hëllefen d’Kanner zwar doheem a maache Saachen, mee et gëtt sech net esou mat hinne beschäftegt, wéi mir dat bei eis gewinnt sinn. D‘Aktivitéite sinn dofir immens wichteg“, sou déi fréier Enseignante, déi duerch hir Enkelen Übung dran huet.
 

Et gëtt gebastelt, gespillt an och einfach matenee geschwat. Dënschdes an donneschdes waarden d’Kanner heiansdo schonn iwwert eng Stonn virum Rendezvous virun der Dier vum Aktivitéitssall, well si et net erwaarde kënnen. D’Carmen Leardini fënnt, dass een e Schrack op d’Leit duer maache muss.

„Ech hat nach ni virdrun esou eppes gemaach an hu selwer keng Kanner. Ech sinn einfach an d’kaalt Waasser gesprongen an hunn nëmme positiv Erfarunge gemaach“, sou d’Pensionärin, déi sech direkt nach emol fir ee Joer engagéiert huet.
 

An et ginn nach weider Fräiwëlleger gebraucht, déi am Foyer Dickskopp eng Hand mat upaken. Dozou gehéiert zum Beispill och d’Hausaufgabenhëllef fir de Fondamental. D’Ludmila Silverio vun der Croix-Rouge, déi sech ëm de Benevolat an der Struktur vum Office Luxembourgeois de l’Accueil et de l’Intégration këmmert, präziséiert, dass och Leit gesicht ginn, déi den Erwuessenen individuell Sproochecoursen am Lëtzebuergeschen an am Franséische kënne ginn, souwéi Informatikscoursen.

Am Beschten ass et, Kontakt opzehuele fir ze kucken, wéi ee sech am Déngscht vun der Saach kann abréngen. An der Rue Dickskopp ass Integratioun keen eidelt Verspriechen.
 

Tel.: 2755 – 5397
E-Mail: ludmila.silverio@croix-rouge.lu
 
Hei fannt dir de Questionnaire fir auszefëllen an zeréck ze schécken, wann Dir Iech umelle wëllt
 
 

aktiv! Aktivitéite fir all Alter

D’Gemeng Suessem proposéiert den aktiv! am neie Look, mee mam selwechte Konzept: Aktivitéite fir jiddereen.

Déi breet Offer gouf nach erweidert, ënner anerem mat engem Pilates Stretch- an engem Relaxatiounscours. Donieft gëtt et neierdéngs eng Debutant-Klass fir den Hatha-Yoga a mam Manga-Zeeche-Cours vun der lëtzebuergescher Kënschtlerin Sabrina Kaufmann gëtt et nach en Highlight.

Dir kënnt Iech bis Enn September aschreiwen.

Hei gëtt et Detailer zum aktiv!

Concours “Pimp my Bushaischen”

Och dëst Joer hounge fir d’Rentrée Affichen an ausgewielte Bushaisercher vun eisen Uertschaften, déi vu Leit aus der Gemeng entworf a realiséiert goufen. E Jury vun der Gemeng an de Public, per Facebook-Sondage, hunn déi schéinst Affichen e Méinden, 16. September ëm 17.00 Auer um Scheierhaff priméiert, dorënner déi vum Foyer Zolwer Kannerbuerg a vun der Maison Relais Roudewee.

Bei der Zeremonie huet de Mobilitéitsschäffe Marco Goelhausen den Artiste Merci fir hiren Engagement gesot, an de Schäfferot vun der Gemeng Suessem huet vun der Geleeënheet profitéiert, fir en Deel vun der Rue Jean Anen anzeweien, deen iwwert de Summer mat engem Reeboumuster a Faarfpunkten eng nei Nues krut. De Buergermeeschter Georges Engel huet ënnerstrach, dass dës exzeptionell Mesure fir d’Verkéiersberouegung e ganz positiven Echo an der Bevëlkerung ervirgeruff hätt, an dass dëse Schratt aner Gemenge motivéiert hätt, op de selwechte Wee ze goen.
 

Graffiti am Sënn vun der Inclusioun

Dës Woch ass nomëttes en intergenerationelle Workshop beim KUSS um Scheierhaff. D’Kanner vun de Vakanznomëtteger an d’Awunner aus dem CIPA Residence Op der Waassertrap schafe mat de Street-Artiste Raphael Gindt an Daniel Lloyd Konschtwierker op OSB-Placken, déi duerno d’Balkone vum Foyer Dickskopp zu Zolwer verschéineren.
 







Konventioun “Natur genéissen”

Dëse Méinden, 8. Juli 2019 gouf d’Konventioun “Natur genéissen” a Präsenz vun de Responsabele vum Naturschutzsyndikat SICONA Sud-Ouest vum Schäfferot vun der Gemeng Suessem um Scheierhaff ënnerschriwwen. Dës gesäit vir, de Kanner an der Maison Relais eng gesond, equilibréiert a saisonal Ernärung ze bidden. Donieft soll d’Iessen, dat opgedëscht gëtt, méi regional, bio a fair sinn. D’Charta gesäit vir, dass d’Iesswueren dräi mol pro Trimester op dës Kritären hi vum SICONA iwwerpréift ginn. Lokal Produzenten, déi Partner vum Projet sinn, sollen hëllefen, d’Weeër am Sënn vun der Nohaltegkeet méi kuerz ze maachen.

Schonn de leschte September goufen d’Weichen hei an der Gemeng an déi Richtung ëmgestallt. Un der Zesummestellung vun de Menüen huet sech net esou vill geännert, mee virun allem un de Wueren, déi dofir benotzt ginn. Och an de Gemengekiche gouf et Changementer, well frësch zoubereeden a kache méi Aarbecht bedeit. Beim Personal gouf opgestockt an et sinn a Kollaboratioun mam Gesondheetsministère an dem SNJ reegelméisseg Formatioune geplangt, och beim Léierpersonal, fir Themen ze verdéiwe wéi: Iesse léieren, Perceptioun vum Goût, Etikettéiere vun Iesswueren. Och d’Kanner ginn iwwer d’Ännerungen informéiert an drop higewisen, firwat et wichteg ass, lokal z’iessen. Ausserdeem gëtt et Aktivitéite ronderëm d’Ernärung an d’Ëmwelt, fir hinnen d’Verbindung tëscht gesondem Iessen an nohalteger Produktioun méi no ze bréngen. Et ass wichteg z’ënnersträichen, dass et doduerch keng zousätzlech Käschte fir d’Elteren gëtt.
 




Informatiounen zum Eichenprozessionsspinner

Schonn e puer Joer laang breet sech den Eichenprozessionsspinner (Thaumetopoea processionea) zu Lëtzebuerg aus. Och an der Gemeng Suessem ass en an de leschte Wochen erëm plazeweis opgetaucht, ënner anerem op der Vëlospist PC6 vu Bascharage via Aessen op Lalleng, déi dowéinst virleefeg gespaart gouf.

D’Larve vun dëser Päiperlékszort befale virun allem Eechen a sinn eng Gefor fir d’Gesondheet vum Mënsch. An de Brennhoer vun de Raupen, déi liicht eroffalen, ass e Gëft dran, dat bei Mënsch an Déier allergesch Reaktioune kann ausléisen, dorënner och Reizunge vun den Otemweeër an den Aen. Well d’Hoer duerch d’Loft weider gedroe ginn an dacks nach Méint oder Joren an der Natur ronderëm verbleiwen, ass net nëmmen den direkte Kontakt mat den Déieren e Risiko.

Weider Informatiounen, wéi Opklärungs- a Schutzmoossnamen, fannt Dir am Depliant vum Gesondheetsministère an dem fréiere Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur.

Virowend vun Nationalfeierdag

D’Gemeng Suessem gëtt Iech Rendezvous fir dat traditionellt Volleksfest um Virowend vun Nationalfeierdag, dem Samschden 22. Juni 2019.

Den offiziellen Deel fänkt ëm 19.30 Auer u mat der Opstellung vum Cortège an der Rue du Knapp an an der Rue de l’Église. Den Depart ass ëm 19.45 Auer op der Place de l’Indépendance a geet duerch d’Rue de Differdange, d’Rue Emile Mayrisch, d’Rue Scheierhaff an d’Rue Jean Anen, éier géint 20.00 Auer d’Arrivée am KUSS (Scheierhaff) ass mat der offizieller Usprooch vum Buergermeeschter Georges Engel.

Vun 18.00 bis 03.00 Auer gëtt et Live-Musek, Party mat DJs, Laser- a Pyro-Spektakel, an donieft allerlee fir z’iessen an ze drénken. E grousst Fest fir Grouss a Kleng!

Kuckt eisen offiziellen Depliant fir den Horaire vun der gratis Bus-Navette.

Horaires des trains de nuit 

Open Air Stage
20.15 Auer – Best of Challengers & Fascination
23.15 Auer – Laser-Pyro-Show
23.30 Auer – Murphy’s Law
01.30 Auer – Crash Dummies DJ Team

Indoor Stage
20.15 Auer – D’Strëpp vun den Zolwer Knappbléiser
21.15 Auer – Orchester Dancing Sound

Youth & Kids Village mam Crash Dummies DJ Team a Spiller fir Kanner

“Ënnerwee” zu Éilereng

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem hat den Donneschden, 25. Abrëll 2019 am Kader vun “Ënnerwee” op en zweete Biergerdialog invitéiert, dës kéier am Kulturschapp zu Éilereng. De Buergermeeschter Georges Engel huet um Ufank en Iwwerbléck vun den ofgeschlossenen Dossieren an zukünftege Projete ginn, ënner anerem dem Lotissement “An der Walerwiss” an de Kanalaarbechten an der Escher Strooss.

Am zweeten Deel vum Owend war et un den Awunner, hir Iddien ze presentéieren a Froen ze stellen zu de Saachen, déi hinnen um Häerz leien. Ënner anerem goung et do ëm den ëffentlechen Transport an d’Renaturéierung vun der Brillbaach. D’Schäffen hunn op d’Froe geäntwert an d’Positioun vun der Gemeng an de verschiddenen Dossieren erkläert. Donieft hu si vum animéierten Dialog profitéiert, fir Notizen ze huelen an de Suivi vun den Doleancen ze garantéieren.

“Ënnerwee” kënnt an den nächste Méint och nach op Zolwer a Suessem.
 


Minett Unesco Biosphere

De Mëttwoch, 3. Abrëll 2019 war eng Informatiounsversammlung mat Workshop ronderëm de Programm “Man and the Biosphere”. De Syndicat PRO-SUD schafft am Moment un der Kandidatur vun der Südregioun vum Land fir de Label “Biosphere Reserve” ze kréien. D’Gemeng Suessem ass en Deel vun dësem post-industriellen a kulturell räichen Areal, op deem déi nohalteg Entwécklung an Harmonie mat sengem historesche Patrimoine an de Mëttelpunkt soll réckelen. De Label vun der UNESCO géing et dem Minett erlaben, an den internationale Reseau mat ervirgehuewene Regiounen an 120 Länner opgeholl ze ginn.

De wëssenschaftleche Programm ass geduecht fir den Impakt vum mënschleche Schafen op d’Natur z’erfuerschen. Wat sinn d’Auswierkungen? Wéi kann een Nohaltegkeet a Respekt fir d’Natur an Aklang brénge mat der ekonomescher Entwécklung? Wéi setzt een d’Produkter aus der Regioun an d’Regioun selwer an Evidenz? Wat sinn d’Méiglechkeete fir d’Industriefrichen anescht ze notzen?

D’Participante vum Workshop hunn zesummen iwwer déi verschidden Challengen nogeduecht, déi an den nächste Joren op d’Gemeng an d’Regioun duerkomme wann et drëms geet, Biodiversitéit, Kultur, Ekonomie a Soziales op een Nenner ze bréngen. Hir Iddien hu gewisen, dass d’Zukunft net eleng vu sozio-ekonomeschen Acteure ka gestalt ginn, mee dass d’Bierger mat um Prozess musse bedeelegt sinn. D’Recommandatioune vum Panel vu Leit, déi bei dëser Biergerconsultatioun matgemaach hunn, genee wéi déi aus den anere Gemengen, hëllefe fir den Dossier vun der Kandidatur méi komplett ze maachen a mat kollektiver Dynamik de Label vun der UNESCO ze kréien.

Detailléiert Informatiounen um Site vu PRO-SUD.

















Hannert de Kulissen

Um Méindeg, 1. Abrëll 2019 war d’Klass 5e 3 aus dem Lycée de Garçons Esch (LGE) nomëttes op Besuch zu Bieles an de Gemengelokalitéiten, fir méi iwwer de Fonctionnement vun enger Gemeng an déi eenzel Servicer ze léieren.

Bei hirem Tour duerch d’Gebai sinn si ënner anerem gewuer ginn, wéi d’Gemeng hir Finanze geréiert, wat d’Responsabilitéite vum Bautebureau sinn a firwat de Biergerzenter als éischt Ulafplaz vun de Suessemer Awunner immens wichteg ass.

Déi 20 Schüler haten och Rendezvous mam Schäfferot, wou si mat hiren direkte Froen all méiglech Themen ugeschnidden hunn. D’Klass war interesséiert ze héieren, wat alles zum Job vun engem Buergermeeschter an engem Schäffe gehéiert. Et goung och zum Beispill ëm d’Haftanstalt Uerschterhaff, ëm d’Verkéiersinfrastrukturen bis hin zu méi generellen Theme wéi dem Schoulsystem.
 






D’Häerz vun der Gemeng um neie Blog

Nom Lancement vun der neier visueller Identitéit am September 2018 stellt d’Gemeng Suessem d’Imagecampagne mam Titel “Suessem, je t’aime” vir. Mam Blog

www.suessemjetaime.lu

gëtt dat an Evidenz gesat, wat d’Gemeng ze bidden huet an esou eenzegaarteg mécht. De Slogan soll weisen, dass et eng Häerzenssaach ass. Jidderee fënnt bei eis dat, wat e sicht. Dat gëllt fir déi ganz Kleng a fir déi Jugendlech, déi hei vun de Schoule bis bei d’Fräizäitaktivitéiten den ideale Kader fannen. Dat gëllt fir déi Erwuessen, déi hei berufflech Perspektiven hunn a kulturell verwinnt ginn. Dat gëllt fir déi eeler Generatiounen, déi hei wäit ewech vum Groussstad-Stress sinn, an awer alles no bei Hand hunn, wat si brauchen. Dat gëllt fir jiddereen, deen d’Natur gären huet. Suessem, dat ass eng Gemeng fir d’Liewen.

Kuckt de Video vum Lancement.

D’Gemeng Suessem mécht an Zukunft dat ganzt Joer iwwer mat Artikelen, Videoen a Web Serien op sech opmierksam. Et sinn Inhalter, mat deenen déi verschidde Gesiichter vun der Gemeng Kontur kréien an hiren Awunner, hiren ëffentleche Perséinlechkeeten an deene Leit, déi all Dag op Suessem schaffe kommen, eng Plattform ginn.

Entdeckt duerch authentesch a spannend Geschichten déi verstoppte Schätz vun deene véier Uertschafte Bieles, Éilereng, Suessem an Zolwer. Wéi eng gréisser Fester stinn deemnächst un, wéi eng Ausflich loune sech an der Famill oder mat Frënn, wéi eng Handwierker a Geschäfter ginn et an der Gemeng, a wéi eng Erausfuerderunge kommen op Suessem an Zukunft duer?

Um Blog gitt Dir et gewuer!
 
 

Mir halen eis Gemeng propper

Um Samschdeg, 23. Mäerz 2019 war den traditionelle Rendezvous, fir zesummen en Tour duerch d’Gemeng ze maachen an de Knascht anzesammelen. Eng sëlleche Fräiwëlleger waren ëm 10.00 Auer zu Bieles bei der Gemeng an och zu Éilereng beim Kulturschapp zesummekomm, fir duerno bei beschtem Wieder d’Stroossen an d’Weeër ofzetrëppelen.

Bei der Arrivée ëm 12.00 Auer beim CIPA “Résidence op der Waassertrap” um Belval waren d’Dreckstute gutt gefëllt, an d’Participanten hu sech duerno déi traditionell Zopp gutt schmaache gelooss.

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem, de Service Écologique, d’Ëmweltkommissioun an d’Spullweenchen asbl soe villmools Merci fir den Engagement.
 







Frësche Wand am Gemengerot

An der Gemengerotssëtzung vun haut gouf d’Anne Logelin (CSV) vum Buergermeeschter Georges Engel als nei Conseillère vereedegt. D’Mathesprofessesch iwwerhëlt domat d’Relève vun der Carine Reuter-Bauler (CSV), déi de leschte Mount hire Récktrëtt ugekënnegt hat.

An hirer Untrëttsried direkt um Ufank vun der Seance huet déi 34 Joer jonk Gemengeréitin hir Schwéierpunkte kloer gemaach. Si wëll sech besonnesch fir d’Jugend a fir de Sport staark maachen, woubäi hir déi eegen Erfarung als fréier Sportlerin an och hiren deegleche Kontakt mat Schüler zegutt kënnt. D’Bielesserin wënscht sech eng dynamesch Gemeng, a wëll mat hirer Zilstreebegkeet dozou bäidroen, d’Infrastrukturen an d’Fräizäitméiglechkeeten an der Gemeng weider auszebauen.

Lauschtert de Gemengerot am Replay.

“Ënnerwee” – Mam Schäfferot am direkte Gespréich zu Bieles

De Schäfferot vun der Gemeng Suessem hat sech am Koalitiounsaccord op de Fändel geschriwwen, den Dialog mat de Bierger ze sichen. Am Kader vu lokale Versammlungen an de 4 Uertschafte gëtt d’Initiativ geholl, fir op deem Plang en einfachen an direkten Échange z’erméiglechen. Kommt an diskutéiert mam Suessemer Schäfferot iwwer d’Projeten an d’Entwécklung zu Bieles, tauscht Iddien aus a bréngt dat zur Sprooch, wat Iech um Häerz läit.

Rendez-vous ass den Dënschdeg, 19. Mäerz 2019 ëm 19.00 Auer am Festsall vun der Gemeng. Wann Dir wellt, kënnt Dir Är Froe scho virun der Versammlung op mail@suessem.lu schécken.

Bei dësem Biergerdialog geet et ausschliisslech ëm d’Uertschaft Bieles. De Schäfferot kënnt zu engem spéideren Zäitpunkt och an déi aner Uertschaften.

Ëmweltwochen 2019

Plastik ass an eisem Alldag omnipräsent, well en esou praktesch ass. Kee Wonner also, dass een de Plastik iwwerall erëmfënnt, och do wou en net erwënscht ass, z.B. am Iessen, an den Déieren an och am mënschlechen Organismus. D’Gemeng Suessem thematiséiert dës Problematik an hiren Ëmweltwochen 2019. Mat ville Stänn, Workshoppen a Konferenze wëlle mir probéieren eis Gewunnechten ze änneren. All Veräin, all Bierger, all Eenzele vun eis kann eppes maachen.

Den Optakt ass de 4. Mäerz 2019 ëm 18.00 Auer am Artikuss mat enger Table Ronde, bei där d’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, d'”Zero Waste Lifestyle” Vertriederin Tania Gibéryen, d’Geschäftsfra Christiane Wickler an de Suessemer Buergermeeschter Georges Engel zesummen iwwer d’Zil vun enger Gemeng ouni Plastik diskutéieren. En europawäit Verbuet vum Eewee-Plastik soll an 2 Joer a Kraaft trieden. D’Gemeng Suessem wëll awer elo schonns eppes un der Situatioun änneren an dës Zort Plastik duerch aner Léisungen ersetzen.

Hei fannt Dir de komplette Programm vun den Ëmweltwochen

Grouss Nofro bei Éischt-Hëllefs-Coursen

Vill Awunner vun der Gemeng Suessem hu sech gemellt, fir am Mäerz mat dobäi ze sinn, wann déi wichtegst Handgrëffer bei Noutfäll bei Kanner tëscht 0 a 4 Joer erkläert ginn.

Wann Dir concernéiert sidd, da kritt Dir an der Woch vum 11. Februar 2019 matgedeelt, ob Dir eng Plaz krut oder op d’Waardelëscht kommt. Et gëtt gekuckt, fir eventuell nach zousätzlech Coursen z’organiséieren.

Et gi leider keng weider Umeldunge méi ugeholl.

Aktioun “Opfalen ass erlaabt!”

Ënnert dem Motto “Opfalen ass erlaabt!” waren d’Schoulkanner aus dem Cycle 2 mëttwochs, den 30. Januar 2019 am Artikuss, fir eng giel Sécherheetsveste vun der Gemeng Suessem iwwerreecht ze kréien. Als Ofschloss vun enger Sensibiliséierungscampagne ronderëm d’Sécherheet am Stroosseverkéier gouf hinne verdäitlecht, firwat et wichteg ass, als Foussgänger opzefalen.

Als Deel vun der Presentatioun sinn d’LASEP Zumba Kids ënnert der Leedung vun der Annette Ben Guigui opgetrueden. Bei hiren zwee Dänz konnt ee gesinn, wéi d’Gileten an d’Blinkien am Däischtere wierken an d’Luucht reflektéieren. De Verkéiersschäffe Marco Goelhausen huet d’Kanner encouragéiert, och déi Grouss vun Zäit zu Zäit un déi richteg Reflexer am Verkéier z’erënneren, fir dass kengem eppes geschitt.

Déi komplett Fotogalerie