Silvester ouni Freedefeier
E Freedefeier bréngt Kaméidi, Knascht a Gefore fir Mënsch an Déier mat sech. Dobäi kënnt, dass ee fir all Freedefeier eng Autorisatioun vun der Buergermeeschtesch brauch. Mir wëllen Iech awer och matdeelen, datt keng Autorisatioune wäerten ausgestallt ginn.
D’Gemeng Suessem rifft dofir dozou op, och op Silvester d’Policereglement anzehalen.
Dir wëllt trotzdeem Luucht an den Himmel „zauberen“? Da stellt Äre Fotoapparat op Laangzäitbeliichtung an a moolt mat Käerzen a Späizmännercher flott Musteren a Wierder an d’Däischtert.
Och fir Ären Handy gëtt et eng sëllechen „Light Painting“ Apps, mat deenen een eemoleg Erënnerungsfotoe maache kann.
Deelt Är Biller op #SUESSEMLIICHT (Facebook. Instagram).
Mir wënschen Iech schéi Feierdeeg.