Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mellt et

  • Max. file size: 200 MB.
  • Les informations recueillies sur ce formulaire font l'objet d'un traitement par la Commune de Sanem afin de mener à bien votre demande et conformément au règlement général sur la protection de données, le Règlement (UE) 2016/679. Pour en avoir plus d'informations, veuillez consulter notre charte.
  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
22/02/2022

Ënnerschrëftesammlung fir e méigleche Referendum

No der gesetzlech virgeschriwwener Publikatioun vum Premier- a Staatsminister am Journal officiel du Grand-Duché de Luxembourg, de 15. Februar 2022, fänkt d’Sammele vun den Ënnerschrëften iwwert e méigleche Referendum mëttwochs den 2. Mäerz 2022 un. Ënnerschreiwe kann ee bis freides de 25. Mäerz 2022 inclus.

Dir hutt d’Méiglechkeet Iech op follgenden Deeg op d’Lëschten anzeschreiwen:

mëttwochs 02.03, 09.03, 16.03, 23.03 tëschent 08.30 an 11.30 Auer an 13.30 an 18.00 Auer

a samschdes 05.03, 12.03, 19.03 tëschent 10.00 an 11.00 Auer

 

Fir d’Ufro fir d’Organisatioun vun engem Referendum z’ënnerstëtzen, mussen d‘Wieler sech perséinlech, mat enger gülteger Identitéitskaart, op der Gemeng wou si hire Wunnsëtz hunn, virstellen, fir sech op d’Lëschte kënnen anzedroen. E·ng Gemengebeamten·in iwwerpréift d‘Identitéit a kontrolléiert, ob si op de Wielerlëschten agedroen sinn.

Ënnerschreiwen am Numm vun engem Drëtten ass verbueden.

D’Ufro fir d’Ofhale vun engem Referendum war erfollegräich, wann d’Gesamtzuel vun de gëltegen Ënnerschrëfte, déi bannent deenen zwee Méint nom éischte Vott iwwert den Text vun der Verfassungsrevisioun an der Chamber gesammelt goufen (Art. 114 vun der Verfassung), mindestens bei 25.000 läit.

 

Zréck