#orangeweek
Eis Gemeng erstraalt ewéi all Joer orange fir d’Orange Week, eng Campagne vun ONU-femmes, déi vum 25. November, dem Internationalen Dag géint Gewalt géint Fraen a Meedecher, bis den 10. Dezember, dem Internationalen Dag vun de Mënscherechter, stattfënnt.
D’Gemengegebai an orange liichten ze loossen ass awer net dat Eenzegt, wat organiséiert gëtt. De 7. Dezember 2021 organiséiert d’Gemeng Suessem zesumme mam Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes en Theaterforum iwwert haislech Gewalt am Artikuss.
Fir méi Informatiounen klickt hei.
Wann Dir am Fall sidd, dass Dir Hëllef braucht, kënnt Dir iech gären u folgend Associatioune wenden:
- Helpline violence domestique : Tel 20 60 10 60 Site web
- Foyer-Sud, Fraen an Nout: Tel 54 57 57 info@foyersud.lu
- Femmes en détresse: Site web
- SOS Détresse: Site web
Weider Informatiounen zur Orange Week fannt Dir hei.