D’Vollekszielung ass ugelaf
Déi 37. Vollekszielung zu Lëtzebuerg, organiséiert vum STATEC an Zesummenaarbecht mat de Gemengen a guichet.lu, ass den 8. November 2021 ugelaf.
D’Leit si gebieden online via guichet.lu matzemaachen.
Vum 8. November u krit all Haushalt zu Lëtzebuerg ee Courrier vum STATEC mat den néidegen Zougangs-Coden fir online z’äntweren. Tëschent dem 8. an dem 21. November kënnen d’Stéit dann exklusiv online äntweren.
Vum 22. November un, gëtt et dann och de Questionnaire a Pabeierform. Falls Dir bis dohinner net online geäntwert hutt, kritt Dir dëse Questionnaire automatesch an Är Boîte.
D’Online-Participatioun ass nach bis den 28. November méiglech. De Pabeierformular muss bis spéitstens de 5. Dezember ausgefëllt sinn.