#orangeweek
Eis Gemeng erstraalt ewéi all Joer orange fir d’Orange Week, eng Campagne vun ONU-femmes, déi vum 25. November, dem Internationalen Dag géint Gewalt géint Fraen a Meedecher, bis den 10. Dezember, dem Internationalen Dag vun de Mënscherechter, stattfënnt.
Hei zu Lëtzebuerg verschéckt den CNFL (Conseil National des Femmes du Luxembourg) mat dem lëtzebuergeschen Deel vun Zonta International an an Ënnerstëtzung vum Ministère de l’Égalité entre les femmes et les hommes op Commande « Lët’z say no to violence » – Masken a verkeeft orange Käerzen. Den Erléis geet u Fraen an Nout, Foyer Sud.

D’Gemengegebai ass awer net dat Eenzegt, wat orange gëtt. Och eisen Internet-Site war fir d‘Sensibilisatiounsaktioun e puer Deeg an Orange gedaucht, fir dëser Cause weider Visibilitéit ze schenken. D’Nathalie Morgenthaler, Schäffin vun der Chancëgläichheet an der Diversitéit, erkläert: „D‘Gemeng Suessem mécht gäre bei dëser Aktioun mat fir een Zeechen no baussen ze setzen. Gewalt u Fraen a Gewalt am allgemenge sinn nach ëmmer eng batter Realitéit a gehéieren onbedéngt ofgeschaaft. Esouwuel d‘Affer wéi och d‘Täter mussen sech Hëllef siche goen.“
Wann Dir am Fall sidd, dass Dir Hëllef braucht, kënnt Dir iech gären u folgend Associatioune wenden:
- Helpline violence domestique : Tel 20 60 10 60 Site web
- Foyer-Sud, Fraen an Nout: Tel 54 57 57 info@foyersud.lu
- Femmes en détresse: Site web
- SOS Détresse: Site web
Weider Informatiounen zur Orange Week fannt Dir hei.