Mell et
Demarchen an Annuaire
Sichresultater fir: {{ searched_keyword }}
Annuaire
Formulairen
Dokumenter

Mell et

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.
28/10/2019

Wanterfeeling 2019

E regionalen Highlight! De Wanterfeeling begeeschtert och bei senger 12. Editioun vum 15. bis de 17. November 2019 mat enger eemoleger Atmosphär am Park vum Suessemer Schlass.

Den Entrée ass gratis.
 

Entdeckt an dëser zauberhafter Kuliss iwwer 40 Verkafsstänn mat Dekoratiounsartikele fir bannen a baussen, Bijouen, Kleeder a Blummen.

Donieft gëtt et kulinaresch Spezialitéite passend zur Joreszäit a vill Animatioun mat Museker an Artisten. Déi perfekt Plaz fir Geschenkiddien ze sammelen a schonns a Wanterstëmmung ze kommen.

Profitéiert samschdes a sonndes vun eisem gratis Navette-Service mat Arrêten Um Woeller, der Gadderscheier an der Käerjenger Gare.
 

De Wanterfeeling 2019 ass op:

Freides, de 15. November vun 19.00 bis 00.00 Auer (just Concerten, Iessen a Gedrénks, keng Verkafsstänn)

Samschdes, de 16. November 2019 vu 14.00 bis 22.00 Auer

Sonndes, de 17. November 2019 vun 11.00 bis 19.00 Auer
 
Hei fannt Dir den Event op Facebook

Zréck