Autokino 2019
Den Original Autokino um Belval, déi 10. Editioun dës Kéier um Enn vum Summer vum 27. bis den 29. September.
Erlieft op dräi Owender um Parking Square Mile eng eemoleg Atmosphär an enger flotter Kuliss, a sëtzt dobäi bequem an ärem Auto.
Nieft de Film-Highlights gëtt et Animatioun, Service op Rollschong, e Foodvillage fir den Zier a villes méi.
Programm 2019
Freiden, 27. September 2019
20.30 Auer: It Chapter Two
Samschden, 28. September 2019
20.30 Auer: Der König der Löwen
22.45 Auer: Fast&Furious: Hobbs&Shaw
Sonnden, 29. September 2019
20.30 Auer: Once upon a time in Hollywood
D’Filmer sinn am Original mat Ënnertitelen. De König der Löwen gëtt an däitscher Sprooch gewisen.
De Food-Village mécht seng Dieren all Owes um 19.00 Auer op.